
En éischte Blesséierte gouf et um 18.23 an der Rue des trois Cantons zu Garnech, wou e Chauffer mat sengem Auto géint e Bam gerannt ass. De Samu aus der Stad war am Asaz, wéi och d’Rettungsekippe vu Kaler, Dippech a Mamer.
Bal zäitgläich hunn d’Secouristen aus der Stad mussen an der Avenue Monterey intervenéieren. Hei gouf eng Persoun vun engem Bus ugestouss a blesséiert.
Kuerz virun 20 Auer gouf dann eng weider Persoun ugestouss a blesséiert, dës Kéier op der Benelux-Plaz zu Esch, wou och déi lokal Rettungsekippen intervenéiert hunn.
D’Secouriste vun Nidderaanwen an aus der Stad goufen da géint 22.10 Auer op d’RN11 tëschent dem Waldhaff a Gonnereng geruff, well hei en Auto géint e Bam gerannt ass, blesséiert gouf awer keen.
Eng gutt Stonn méi spéit gouf en Automobilist verwonnt, deen op der A13 a Richtung Péiteng tëschent Lalleng a Lankelz géint d’Leitplank gerannt war. D’CGDIS-Ekippe vu Schëffleng, Esch an Diddeleng hu sech ëm hie gekëmmert.