
De Syndikat vum Educatiounspersonal, dat spezifesch mat Schüler mat spezielle Besoine schafft, rappelléiert e Mëttwoch de Moien an engem Schreiwes, dass hirer Meenung no d'Notten a Bezuch op d'Tâchë vum edukativen a psycho-soziale Personal aus dem Enseignement fondamental, de Kompetenzzentren an dem Enseignement secondaire, déi am Juli 2020 wärend dem Confinement vun de Chefs de service aus dem Educatiounsministère an Eegeregie erstallt goufen, missten zréckgezu ginn.
Dës Notte wieren ouni iergendeng Zort vu Sozialdialog ëmgesat ginn.
Et wieren Uweisungen, déi laanscht d'Realitéit vum Terrain ginn, an net fir Unterrechtsqualitéit a Qualitéit vun der Prise en charge géife suergen, an dat ganz besonnesch och net bei Schüler mat spezifeschen, psychologeschen oder soziale Besoinen, ass am Communiqué ze liesen.