
An der Route de Bissen um Rouscht krute sech e Freideg 2 Gefierer ze paken, 2 Persoune goufen hei liicht blesséiert. Wärend de Rettungs- an Opraumaarbechte koum et zu Behënnerungen am Verkéier, eng Deviatioun gouf hei installéiert.

An der Route de Ettelbruck zu Angelsbierg krute sech dann e Freideg de Moien en Auto an e Bus ze paken. Och hei goufen 2 Persoune blesséiert.
An zu Holztem sinn 2 Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf heibäi blesséiert.