3 BlesséierterUergen Accident tëscht Auto a Bus op der N19

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass den Accident de Sonndeg géint 16.40 Auer bei Bettenduerf wann een aus der Richtung Méischtref kënnt.
Accident op der N19
2 Blesséierter bei Accident tëscht Auto a Bus

Wéi et heescht, huet eng Persoun op der RN19 missten aus dem Gefier erausgeschnidde ginn. Insgesamt dräi Persoune goufe blesséiert.

Niewent dem Samu waren och d'Pompjeeë vu Bettenduerf an Dikrech op der Plaz. Spéider sinn nach d'Pompjeeën aus der Fiels hëllefe komm. D'Streck war wärend den Opraumaarbechte gespaart.

Zu Uespelt an der Munnereferstrooss gouf de Sonndeg géint 18 Auer dann nach eng wieder Persoun bei engem Accident blesséiert. Secouristen aus Beetebuerg an Uespelt waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO