
Den US-Justizministère wëll d'Doudesstrof fir Schwéierverbriechen op Bundesniveau ausbreeden an dofir d'Hiriichtungsmethoden ënnert anerem ëm Erschéissungskommandoen z'erweideren. "Déi viregt Regierung ass hirer Flicht, d'amerikanescht Vollek ze schützen, net nokomm, andeem si sech geweigert huet, d'Héchststrof géint déi geféierlechst Verbriecher, dorënner Terroristen, Kannermäerder a Polizistemäerder ze verhänken", sot de Justizminister Todd Blanche e Freideg.
An Zukunft solle bei Exekutiounen a Bundesprisongen nieft déidlechen Injektiounen och Erschéissungskommandoen, Stroumschléi a Gas an den Asaz kommen. Ënnert dem President Trump wäert de Justizministère d'Recht nees stäerken an op der Säit vun den Affer stoen, esou nach de Blanche. Dem Trump säi Virgänger Joe Biden war e Géigner vun der Doudesstrof an hat kuerz virum Enn vu senger Amtszäit 37 vu 40 Doudesurteeler, déi op Bundesniveau verhaange goufen, a liewenslaang Prisongsstrofen ëmgewandelt.
Den Trump hat a senger éischter Amtszäit 2020 eng 17 Joer laang Paus vun der Doudesstrof op Bundesniveau gestoppt. An de sechs leschte Méint vu senger Amtszäit goufen 13 Leit higeriicht, méi wéi ënner iergendengem US-President zanter 120 Joer. Um éischten Dag vu senger zweeter Amtszäit huet hien zejoert annoncéiert, d'Doudesstrof ausbreeden ze wëllen.
An de meeschte Fäll gëtt d'Doudesstrof an den USA op Niveau vun de Bundesstaate verhaangen, fir gewëss schwéier Strofdote mä och no Bundesrecht. An 23 vun de 50 Bundesstaaten gouf d'Doudesstrof schonn ofgeschaaft, an dräi weidere gëllt e Moratoire.