Oktav 2026"Mënsch sinn, hei an elo"

Monique Kater
Am Mëttelpunkt vun der Oktav 2026 steet de Mënsch a säi Wierken, mee och Fridden a Gerechtegkeet. 40 Joer ass d’Marie-Christine Ries schon am Asaz fir d'Lëtzebuerger Kathoulesch Kierch. Bei dëser Editioun vun der Oktav huet si d'Aufgab, de Pilger e Message mat op de Wee ze ginn.
Oktav 2026: "Mënsch sinn, hei an elo"
Am Mëttelpunkt vun der Oktav 2026 steet de Mënsch a säi Wierken, mee och Fridden a Gerechtegkeet. Bei dëser Editioun dierf dann och eng Fra priedegen.

Um 16 Auer e Samschdeg de Mëtteg goung d'Oktav offiziell un. Fir Munchereen, deen an der Kathoulescher Kierch aktiv ass, grad fir déi Gleeweg aus dem In- an Ausland, eng wichteg Traditioun am Kierchejoer. Nach keng Traditioun, mee fir déi drëtt Kéier wäert an deene 14 Deeg nieft der Muttergottes nach eng Fra d'Wuert kréien an zéng Mol priedegen.

"Mënsch sinn, elo an hei" - ass d'Theema, dat d'Marie-Christine Ries sech fir dës Editioun erausgesicht huet. Fir si steet de Mënsch am Mëttelpunkt. Vu Gott geschaaft, soll en no sengem Virbild liewen, wëssend, dass Mënsch sinn, net einfach wier.

Jo, et géing och ëm de Krich, mee u sech ëm Fridden, ëm d’Zesummeliewen.

Nieft der Nuit des Cathedrales sinn et déi Jonk, déi traditionell d'Oktav mat hirem Pilgeren - dem Pelé des Jeunes - opmaachen e Sonndeg de Moien. Dono um 10:30 Auer gëtt et eng Mass du Peuple de Dieu fir all d'Nationalitéiten hei am Land. D'Oktav wier haut anescht wéi fréier, jidderee wier wëllkomm, och déi um Motorrad oder mat Iesel, esou d'Oktavpriedegerin.

An der Andacht fir d'Ouverture hat de Kardinol d'Wuert, e Méindeg priedegt eng Fra - an dat am Ganzen zéng Mol. Mat der Iddi och vu Solidaritéit mat deene Leit, déi ee gemengerhand net an der Kierch begéint, mee um Rand vun der Gesellschaft. Den Ofschloss vun der Muttergottesoktav mécht, wéi gewinnt d'Schlusspressessioun a 14 Deeg. 

De Programm vun der Oktav:

Back to Top
CIM LOGO