Nuits d’Artistes60 Joer Café des Artistes, de Kënschtler-Treffpunkt feiert Gebuertsdag

Annelena Stiegler
Am Abrëll ass et sou wäit. Am Fokus vum Café steet Lëtzebuerger Kultur.

Heiansdo wënsche mir eis, datt d'Zäit stoe bleift, besonnesch déi schéi Momenter. Genau hei ass d'Zäit stoe bliwwen. De Café hu si onverännert gelooss. De Christian "Bubi" Blei an de Chris "Sibi" Sibenaler hu virun dräi Joer de Café des Artistes iwwerholl. Dobäi ass de Café no der Famill Quintus onverännert bliwwen. Och d’Clientë schätzen dat.

De Chris Sibenaler seet: "Kuerz gesot, eppes wat leeft, wiesselt een net. Sou einfach ass et! Also ech hunn ëmmer Fussball gespillt, den Trainer huet do schonn ëmmer gesot: dir 11 Mann hutt de leschte Match gewonnen, da fänkt dir den nächste Match rëm un. Sou einfach war et, a genau esou ass et."

60 Joer Café des Artistes, de Kënschtler-Treffpunkt feiert Gebuertsdag
Am Abrëll ass et sou wäit. Am Fokus vum Café steet Lëtzebuerger Kultur.

Wéi alles ugefaangenen huet

Säin Ursprong hat de Café des Artistes am Joer 1954, dat nach ënnert dem Numm "Café Gaspard", ënner dem Jacques Gaspard Kessler. 1956 huet dunn d'Brasserie Funck-Bricher de Café iwwerholl. Vun 1966 bis 2022 ass en dunn als Café des Artistes ënner der Famill Quintus bekannt ginn.

Wien an de Café des Artistes geet a seng Ouere gutt opmécht, ka vill Geschichten entdecken. Et gëtt fest Stammclienten, mee och vill Touristen, déi méi déif an d'Lëtzebuerger Kultur andauche wëllen.

Am Café ginn ënnert anerem Lëtzebuerger Lidder gespillt. Pianiste kucken och, wie grad do ass a passe sech einfach un. Vun Däitsch, Franséisch bis Italieenesch war alles dobäi. Haaptsaach, d'Leit kënne matsangen. Aktuell spillen an der Rotatioun donneschdes, freides a samschdes fënnef Pianisten.

Den 25. an 26. Abrëll féiert de Café säi 60. Gebuertsdag.

Back to Top
CIM LOGO