Fokus-NationalkongressSteierreform géing "weder de grousse Worf duerstellen, nach de Wieler zefridde stellen"

Monica Camposeo
Fokus proposéiert eng Zukunftskommissioun no finneschem Modell, fir méi wäit no vir ze kucken an net ëmmer just kuerzfristeg ze handelen.
De Marc Ruppert um Fokus-Nationalkongress

Déi breet ugeluechte Steierreform vun der Regierung wäert "weder de grousse Worf duerstellen, nach de Wieler zefridde stellen". Esou sot et de President vun der Partei Fokus Marc Ruppert e Samschdeg um Nationalkongress.

Et wier e"Loftschlass" ze behaapten, dass dës Reform en plus nëmme Gewënner wäert hunn, wéi d'Regierung et géing duerstellen. Fokus proposéiert dowéinst eng Zukunftskommissioun no finneschem Modell, fir méi wäit no vir ze kucken an net ëmmer just kuerzfristeg ze handelen.

Doriwwer eraus goufen um Kongress d'Statute geännert, fir festzehalen, dass nei Membere vun enger Partei, déi aus enger anerer Partei gewiesselt sinn, d’Mandat un déi al Partei sollen zeréck ginn. De Marc Ruppert nennt d’Beispill vum Luc Majerus, deen zu Esch bei deene Gréngen am Gemengerot souz. "A wéi hie bei Fokus komm ass, huet hien deene Grénge säi Mandat erëm zeréck ginn, esou wéi sech dat gehéiert.” Aner Parteie géingen dat awer net maachen. Et hätt een e Bréif geschriwwen, fir si dozou opzefueren, dat och ze maachen. Dorop hätt een awer keng Äntwert kritt.

De Marc Ruppert schwätzt vun engem falsche politesche Spill, well d'Parteie sech zwar doriwwer opreegen, wa si duerch esou Changementer e Sëtz verléieren, et op der anerer Säit awer net géinge besser maachen.

Weider Themen e Samschdeg um Nationalkongress vu Fokus waren dann de Logement mat enger Visioun bis 2040 oder nach e Bléck op d'Finanzen an d'Gestioun.

Back to Top
CIM LOGO