Rettungshelikopter am AsazKollisioun tëscht Auto a Moto op der Haaptstrooss zu Hengescht - Ee Blesséierten

Andy Brücker
E Samschdeg de Moie koum et zu engem Accident zu Hengescht, bei deem e Moto an en Auto anenee gerannt waren.
© Luxembourg Air Rescue

Wéi de Pressespriecher vum CGDIS eis op Nofro bestätegt, koum et e Samschdeg de Moien zu Hengescht zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. De SAMU-Noutdokter gouf alertéiert, dee mam Rettungshelikopter op d'Plaz geflu gouf. Eng Persoun gouf verwonnt.

Och d'Police huet eis op Nofro den Accident bestätegt, ouni awer Detailer konnten ze ginn.

Aus dem Bulletin vum CGDIS war um 10.50 Auer gewuer ze ginn, dass den Accident géint 9.45 Auer war, dat op der Haaptstrooss zu Hengescht. Nieft dem Rettungshelikopter war och nach eng Ambulanz vu Clierf op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Clierf a Wäiswampech. Och hei gëtt ee Blesséierte bestätegt.

Automateschen eCall

E Samschdeg de Moien um 7.26 Auer gouf dann nach en automateschen "eCall" declenchéiert, dat vun engem Gefier op der Streck tëscht Harel a Walter. Eng Ambulanz vu Réiden an d'Pompjeeë Stauséi waren op d'Plaz geruff ginn. Blesséiert gouf keen.

Back to Top
CIM LOGO