N10Uergen Accident e Sonndegnomëtteg bei Rouderssen, 3 Leit schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.15 Auer krute sech 2 Ween ze paken op der N10. D'Chauffere hu missen erausgeschnidde ginn.
Uergen Accident um 17.30 Auer bei Rouderssen
Um 17.30 Auer krute sech 2 Ween ze paken op der N10. D'Chauffere hu missen erausgeschnidde ginn.

Een Automobilist, deen eleng ënnerwee war an aus Richtung Rouderssen koum, ass op riichter Streck op d'Géigespuer geroden an ass do mat engem zweete Won frontal kollidéiert. D'Fuererin vum zweete Won an eent vun den zwee Kanner goufen heibäi schwéier blesséiert. Och de Chauffer, dee Schold um Accident war, ass uerg verwonnt ginn. Hei huet een och misse feststellen, datt dësen Alkohol gedronk hat.

De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz. D'Streck war laang Zäit komplett gespaart.

Nieft der Police waren de Samu, d'Ambulanze vun Ettelbréck, Housen an Ëlwen op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Clierf an Housen.

Back to Top
CIM LOGO