WemperhaartTrotz Policepresenz alkoholiséiert an den Auto geklommen a fortgefuer

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat et op der Wemperhaart an zu Keel mat alkoholiséierte Chaufferen ze dinn.

D'Police huet zwee Chaufferen aus dem Verkéier gezunn, déi ze vill gedronk haten. Géint 22 Auer e Samschdeg waren enger Patrull op enger Tankstell op der Wemperhaart dräi Männer opgefall, déi offensichtlech alkoholiséiert waren. Wéi d'Poliziste si gefrot hunn, wéi se heem kéimen, sote si, si géingen op ee Kolleeg waarden, dee se mathuele géing. Kuerz drop sinn déi dräi an een Auto geklommen a fortgefuer. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt ee vun deenen dräi Männer gefuer ass, hie krut de Fürerschäin ofgeholl an den Auto gouf séchergestallt.
 
Géint 2:30 Auer an der Nuecht krut d'Police dann eng Persoun gemellt, déi zu Keel mat hirem Auto fortgefuer wier, obwuel se ze vill gedronk hätt. D'Beamten hunn den Auto kuerz drop an der Rue de Dudelange zu Keel fonnt. D'Automobilistin hätt no Alkohol geroch, ma si hätt awer een Test refuséiert a wier och aggressiv ginn. Um Enn krut si de Permis ofgeholl an ee Protokoll wéinst Beleidegung.

Back to Top
CIM LOGO