VerwaltungsgeriichtTribunal administratif erkennt Recours vun Ex-Gendaarm als justifizéiert un

RTL Lëtzebuerg
Fir en Ex-Gendaarm, deen ëm seng Rehabilitatioun kämpft, gouf et eng kleng Victoire um Verwaltungsgeriicht.
© AFP

Den Tribunal administratif huet nämlech e Recours vum André Steffen als justifizéiert unerkannt, eng Ministeschdecisioun annuléiert an d'Affär zréckginn un d'aktuell Justizministesch. De Staat muss och fir d'Frasen opkommen.

De fréiere Gendaarm hat am Mäerz 2018 dem deemolege Justizminister eng 1. Revisiounsdemande vu sengem Strofprozess, wéinst ënnert anerem versichtem Drogenhandel, aus dem Juni 1998 zougestallt: Sengerzäit war de Mann um Stater Geriicht zu 4 Joer Prisong verurteelt ginn. De Felix Braz hat dem Mann am Mee 2018 awer eng negativ Äntwert ginn.

Bäi louch en Avis vun der Commission de révision, déi dem Ex-Gendaarm no guer net op d'Elementer agaange wär, déi hie presentéiert hat. Hien hätt dem Minister dunn am September 2018 geschriwwen, dass d'Kommissioun refuséiere géif, fir op d'Argumenter vu sdnger Demande anzegoen, ma hien hätt keng Äntwert op dat Schreiwes kritt. Fir de Minister op den onkomplette Charakter vum Avis vun der Kommissioun opmierksam ze maachen, hätt hien am Februar 2019 eng zweet Requête en révision eraginn. D'Ministesch Sam Tanson hätt awer ni eng Äntwert dorop ginn. Den André Steffen war am Mee zejoert dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht gaangen.

Deem seng 1. Riichteren hale virop fest, dass de Staat kee Memoire ofginn huet. D'Geriicht constatéiert donieft, dass d'Méiglechkeet, fir duerch en neie Fait d'deelweis oder komplett Onschold vun enger Persoun festzestellen, op e Gesetz vun Abrëll 1981 zréckgeet. Deen Text géif all Elementer ëmfaassen, déi e Justiziertum un d'Liicht brénge kéinten, et misst sech ëm en Element handelen, dat där Juridictioun net bekannt war, déi eng Condamnatioun gesprach huet, an et géif duergoen, dass dat neit Element d'Onschold warscheinlech géif maachen oder un der Schold géif zweiwele loossen. An den Ae vum fréiere Gendaarm léichen nei Elementer vir, déi zu Onrecht scho bei der 1. Demande net vun der Revisiounskommissioun a Betruecht gezu gi wären; dobäi hätten déi Elementer de Minister dozou brénge missen, fir senger Demande nozekommen. Well de Staat net Positioun bezunn hätt, wär keng Kontroll duerch den Tribunal méiglech, soudass d'Decisioun, fir d'Revisiounsdemande vum Mann zréckzeweisen, z'annuléiere wär. Den Dossier sollt och un d'Ministesch zréckgoen.

Verwaltungsgeriicht / Rep. Eric Ewald

Back to Top
CIM LOGO