D'Federatioun vun de Marketing- a Kommunikatiounsagencen zu Lëtzebuerg, d'MarkCom, huet am Juli hiren 30. Anniversaire gefeiert. E Freideg de Moie war de President Tom Turping eisen Invité vun der Redaktioun. Zanter Dezember geréiert hien d'Geschécker vun der Federatioun an zanterhier ass d'Zuel vun de Membere vun 28 op 43 geklommen. Domat representéiert d'MarkCom mëttlerweil méi wéi 500 Salariéen. Fir den Tom Turping ass dat e wichtege Schrëtt, fir d'Branche zu Lëtzebuerg méi representativ ze vertrieden.
D'Federatioun regroupéiert e ganze Pak vu spezialiséierten Acteuren. Nieft Agencen, déi effektiv klassesch Reklamm maachen, gehéieren awer och Webdesign, E-Commerce, KI-Implementatioun, digitale Marketing, Social Media, Eventmanagement, Filmproduktioun, Motion Design a Presseaarbecht dozou: "D'Villfalt ass vill méi grouss wéi een op Anhieb vläicht kéint mengen."
Déi gréisste Verännerung an der Branche ass fir den Tom Turping net eng eenzel Entwécklung, mee eng kontinuéierlech technologesch Transformatioun:
"Wa mer elo mol eng Kéier zréckkucken op d'Joer 1995, wou d'MarkCom effektiv gegrënnt ginn ass, do si Campagnë quasi nach fräihänneg gezeechent ginn. Du sinn d'Computere komm, dunn ass Photoshop komm, de Web ass komm, Social Media, Smartphonen an haut si mer bei der KI ukomm." Et misst een an der Branche ëmmer dofir suergen, dass een d'Trends méi séier erkennt a beherrscht wéi de Rescht vum Maart. Dat wier schliisslech de Grond, firwat een da Servicer bei eng Agence géing siche goen.
Bei der KI gesäit de MarkCom-President virun allem eng Chance, fir an eegener Regie Projeten ëmzesetzen. Och méi kleng Betriber kënnen haut mat limitéierte Budgeten Inhalter produzéieren, déi virdru méi schwéier realiséierbar waren. Den Effet vun der Kënschtlecher Intelligenz hätt zwee Voleten. Et misst een éischtens seng eege Produktioun ëmstellen, soss géing ee séier den Uschloss verpassen. D'Agencë missten d'Technologie eescht huelen an hir eege Produktiounsprozesser upassen. "KI wäert bleiwen", ass seng Conclusioun.
An zweetens géingen doduerch och nei Servicer entstoen. Den Tom Turping gëtt e Beispill: "Et ass ëmmer gesot ginn, wann den Internet kënnt, wäert een ni méi Broschüre maachen. Haut ginn nach ëmmer Broschüre gemaach. Wéi d'Leit bis alleguerten Internet haten, dunn ass gesot ginn, mir wëllen onbedéngt bei Google visibel sinn. Dunn huet een den Internetsite esou opgebaut, datt ee bei Google visibel ass. An haut hu mer natierlech d'Situatioun, datt de Maart seet: 'ech wëll onbedéngt bei ChatGPT, Gemini a Konsorte fonnt ginn.' Sou, dat ass eng ganz natierlech Evolutioun an do gëtt et ganz vill nei Opportunitéiten."
Fir d'Agencë bedeit dat nei Aufgaben an nei Geschäftsfelder.
Bei der Reguléierung vun der Kënschtlecher Intelligenz ass fir de MarkCom-President kloer: Et brauch e Kader. Zanter dem 2. August gëtt et jo den EU-IA-Act, deen dann natierlech proposéiert, fir Contenu, dee KI-generéiert ass ze markéieren, mee "do stellt sech natierlech d'Fro, wéini muss ech wat zeechnen. A wa meng ganz Contenuen alleguerte vum KI generéiert gi sinn, geet et duer, datt ech dann dee Badge uewen op mengem Site hunn. Do feelt et e bëssen un enger konkreeter Iwwersetzung, wéi mir als Agencë mat onse Clienten déi Loi z'interpretéieren hunn." D'Federatioun huet dofir mam Projet "Fair Process" eng Referenz entwéckelt, déi Agencen an hire Clienten hëllefe soll, mat deene Beräicher ëmzegoen, an deenen d'gesetzlech Reegelen net ëmmer einfach ze interpretéiere sinn. D'Zil ass, méi Kloerheet ze schafen an eng gemeinsam Norm fir d'Branche ze etabléieren.
Nieft der Reguléierung gesäit den Tom Turping och eng strategesch Aufgab fir d'Politik: Europa an och Lëtzebuerg missten an hir digital Infrastruktur investéieren. Dozou gehéieren Datenzenteren a séier Internetverbindungen. Nëmmen esou kéint Europa kompetitiv bleiwen an d'Ofhängegkeet vun den USA a China reduzéieren. An deem Kontext géif den Tom Turping haut och net méi onbedéngt fir eng Presenz vu Google zu Biissen plädéieren, mee amplaz kéinten déi disponibel Terrainen och genotzt ginn, fir eegen europäesch Datenzenteren opzebauen.
Trotz dem séieren technologesche Wandel gesäit de MarkCom-President nach vill Méiglechkeeten an der Kommunikatiounsbranche. Besonnesch Jonker kéinten dovunner profitéieren, well si Plattformen an digital Formater dacks besser kenne wéi etabléiert Acteuren. Als Beispill nennt den Tom Turping TikTok: Jonker wéissten dacks ganz genee, wéi Algorithme funktionéieren a wéi ee mat kuerze Videoen eng grouss Reechwäit erreeche kann. Gläichzäiteg géifen ëmmer méi Entreprisen op esou Plattforme wëllen aktiv ginn. Seng Recommandatioun un déi Jonk: eng Nisch sichen, sech doranner spezialiséieren a mat vill Leidenschaft un d'Saach goen, sou de President vun der MarkCom.
Invité vun der Redaktioun: Tom Turping
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.