Invité vun der Redaktioun (6. August) - Tom SchmitRekordsummer um Stauséi: "Mir stoussen un eis Grenzen"

Annick Goerens
En Donneschdeg de Moie war de Stauséi Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Tom Schmit
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Déi waarm a sonneg Summerdeeg zéien aktuell ganz vill Leit op de Stauséi. Fir de Ranger Tom Schmit steet fest: 2026 kéint zu engem Rekordjoer ginn. Besonnesch bei Temperaturen iwwer 30 Grad géif de Stauséi fir vill Mënschen aus der Groussregioun zur Nummer-Eent-Destinatioun ginn. "An da féiert dat dee Moment zu Chaos, wéi zum Beispill an der Gemeng Esch-Sauer, do si mer eis bewosst, do sinn d'Dierfer mat belaascht." An dofir wier do och e Parkleitsystem viru Joren agesat ginn, wou d'Leit dann, wéi an der Stad, vu Wäitem kënne gesinn, wéi vill Parkplaze wou fräi sinn. Dat géing d'Dierfer entlaaschten.

Sozial Medie maachen och verstoppte Plaze bekannt

Mat de ville Visiteure kommen awer och d'Problemer. Wëll geparkten Autoen, vill Knascht a Kaméidi géifen ëmmer méi zur Belaaschtung fir d'Natur an d'Awunner ginn. Laut dem Ranger stéisst de Stauséi schonn haut un d'Grenze vun deem, wat d'Naturschutz-Gebitt eigentlech verkraafte kann. Fréier hätte virun allem Awunner déi schéinste Plaze kannt. Haut géifen dës iwwer sozial Medie gedeelt, markéiert an iwwer GoogleMaps einfach fonnt ginn. Doduerch géifen och déi fréier méi roueg Ecker ëmmer méi beléift ginn. "Mee just, et gëtt keng roueg Plaze méi ronderëm de Stauséi", constatéiert de Ranger. Et wier och sou, dass d'Leit aus der Géigend wärend dëser Héichzäit guer net méi bei de Séi kéimen, well se wéissten, wat do ofleeft. Déi meescht kéimen aus dem Süde vum Land oder der Groussregioun. "Däitschland, aus der Belsch, aus Frankräich, aus der Stad aus, vu Capellen an esou virun".

Feier bleift dee gréisste Risiko

Dat geféierlechst Feelverhale bleift aus Siicht vum Ranger d'Feier: "Wa mer haut d'Medie kucken, et brennt iwwerall. An dat ass absolutt ronderëm de Stauséi och ze vermeiden." De Stauséi géing donieft d'Hallschent vum Lëtzebuerger Drénkwaasser liwweren an dofir wier och all oppent Feier a Grille ronderëm de Séi verbueden. Och Kaméidi duerch Musek wier e grousst Thema, well de Schall sech iwwert de ganze Séi verbreet an d'Erhuelung vun de Visiteuren an der Déierewelt stéiert. An elo wier et och nach e relativ neit Phänomen, dass d'Leit ëmmer méi mobil um Waasser sinn, mat Stand-Up-Paddelen an do dann och Musek géinge spillen. "An déi stéieren dann indirekt d'Leit op de Plagen an dann och natierlech iwwerall d'Villercher, déi amgaang si mat bridden (...) Also do hu mer ganz kloer ee Foussofdrock, dee mer net wëllen."

Sensibiliséieren amplaz bestrofen

Den Tom Schmit ass Ranger, awer net Policebeamten. Deementspriechend kann hie keng Sanktioune ginn. Seng Haaptaufgab besteet doran, mat de Leit d'Gespréich ze sichen an hinnen z'erklären, firwat verschidde Reegelen existéieren. Dobäi géif et net ëmmer geléngen, d'Leit ze iwwerzeegen, mee vill Gespréicher géifen trotzdeem zu engem bessere Verhale bäidroen. "Mee wann et alt eng Kéier op fënnef Mol, op zéng Mol wierklech eng Verhalensännerung gëtt, dann ass a mengen Aen dat well gemaach. An dat ass gutt gemaach." D'Leit géingen d'Reegelen deels bewosst ignoréieren, mee heiansdo wier et och esou, grad bei Dagestouristen aus dem Ausland, dass se et wierklech net besser wéissten.

Vill Leit wëssen net, dass de Stauséi Drénkwaasser liwwert

Vill Visiteure wiere sech och net bewosst, dass de Stauséi ee vun de wichtegsten Drénkwaasserreservoiren am Land ass. Genee dës Informatioun géif dacks dozou féieren, datt d'Leit hiert Verhalen iwwerdenken. Fir den Tom Schmit ass Sensibiliséierung dofir de wichtegste Schlëssel, fir d'Natur an d'Drénkwaasser laangfristeg ze schützen.

Invité vun der Redaktioun: Tom Schmit

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO