Invité vun der Redaktioun (27. August) - Tine A. LarsenNet Dateschutz am Wee vum Informatiounsaustausch, mä Manktem u gesetzlechen Ausnamen

François Aulner
En Donneschdeg de Moie war den Dateschutz Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Tine A. Larsen
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

An der Korruptiounsaffär bei der Immigratioun ass et net den Dateschutz u sech, dee verhënnert huet, datt Informatiounen tëscht de Verwaltungen zirkuléieren. Et ass, well et keng legal Basis gëtt. Esou huet d’Presidentin vun der nationaler Dateschutzkommissioun en Donneschdeg de Moien hei op RTL op Kritik vum Parquet a vum Inneminister Leon Gloden reagéiert.

D’Tine A. Larsen huet erkläert, datt et schonn eng Ausnam gëtt: bei sexuelle Verbrieche kënnen Informatiounen iwwert Verdächteger scho virun engem Urteel ausgetosch ginn. D’Presidentin vun der CNPD sot, dat kéint ee per Gesetz “méi wäit féieren”. Net awer bei der der Présomption d’innocence, déi “ee vun eise gréisste Rechter” wier, mee beim Secret de l’instruction oder beim Dateschutz schonn. Et géing “keng Reegel ouni Exceptioune” ginn.

Beim Once-only misst “nogebessert” ginn

Mam Tine A. Larsen hu mir och iwwert de “once only" geschwat - e grousse Projet vun der Regierung am Beräich vun der administrativer Vereinfachung. Scho virum Staatsrot hat d’CNPD eng Rei Bedenken ausgedréckt. De Prinzip wier an hiren Aen "eng gutt Saach”. Mee beim Projet vun der Digitaliséierungsministesch Stéphanie Obertin misst "nogebessert” ginn. Am Projet wier nämlech virgesinn, datt eng Verwaltung kéint bei eng aner froe goen, mee et wier net kloer gereegelt, ewéi eng Verwaltunge fir ewéi eng Finalitéit perséinlech Donnéeë kéinten austauschen.

Der Presidentin vun der CNPD no wier “am beschten”, wa Bierger hir Donnéeën an engem E-Wallet (en elektroneschen Portemonni, nvdr) hätten an hiert Averständnis géinge ginn (oder net), wann eng Verwaltung déi wéilt kucken. “D’informationnel Selbstbestëmmung” wier konstitutionellt Recht.

8 Autoritéiten hei am Land fir d’KI zoustänneg

Den AI-Act, d’europäesch Reegele fir d’kënschtlech Intelligenz, trieden zanter 2024 progressiv a Kraaft, ewéi elo den 2. August d’Kennzeechnung vu KI-generéierte Contenuen. Aner Reegele mussen nach an nationale Gesetzer ëmgesat ginn “an an deem Gesetz gi ganz vill Autoritéiten designéiert”, sou d’Tine A. Larsen. Ënnert den 8 Autoritéite wier d’Medienopsiicht ALIA, mee och d’CNPD, déi d’Coordinatiounsroll wäert iwwerhuelen.

Allgemeng misst ee sech bei der kënschtlecher Intelligenz d’Fro stellen, wéi d’Gesellschaft mat der KI wëll “liewen an ëmgoen”. Wann een alles wéilt reegelen – wat d’Tendenz wier – géing een d’Innovatioun an d’Competitivitéit bremsen. Wann een der KI fräie Laf géing loossen, géing ee Gefore riskéieren ewéi Mëssbrauch, Diskriminatioun oder Masseprofiléierung. D’Presidentin vun der CNPD sot, zu Lëtzebuerg an an Europa wéilt een, datt KI kéint innovéieren an hëllefen, mee dat mat klore Reegelen.

Amazon-Decisioun vun der CNPD: d’Bier ass net geschielt

Nom Interview hu mir nach mam Tine A. Larsen iwwert d’Decisioun vun der CNPD géint Amazon geschwat. 2021 hat d’Dateschutzkommissioun eng Amende vu 746 Milliounen Euro géint den US-Online-Händler decidéiert, well e beim Gebrauch vu perséinlechen Donnéeën, fir Publicitéiten op Utilisateuren zouzeschneiden, géint d’europäescht Dateschutzreglement verstouss hat. Am Mäerz hat d’Verwaltungsgeriicht d’Decisioun an zweeter Instanz wéinst Formfeeler annuléiert.

D’Presidentin vun der CNPD sot, datt eng nei Decisioun aktuell gepréift gëtt an dat zesumme mat de 26 aneren Dateschutzkommissiounen an der EU. Net um Fong, mee op der Form. Si huet erkläert, datt d’Decisioun vun der CNPD vun 2021 duerch en anert Urteel vum EU-Geriichtshaff zwee Joer drop réckwierkend beaflosst gouf, mee d’Feeler vun Amazon net a Fro gestallt sinn. D’CNPD géing elo op zwee prozedurale Punkte schaffen: Éischtens, wou et drëm geet, d’Noléissegkeet oder Intentioun vun Amazon nozeweisen an zweetens, fir d’Proportionalitéit vun de "Mesures correctives" a vun der Amende ze klären. Et wier awer nach ze fréi, fir ze soen, wourop et erausleeft.

En Donneschdeg de Moie war den Dateschutz Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO