Autoritéite bleiwe virsiichtegTerror-Alerte zu Lëtzebuerg bleift um Niveau 2

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum aktuelle geopolitesche Kontext, gëllt hei zu Lëtzebuerg weiderhin den Niveau 2, wat Terror-Menacen ugeet.
D'Lëtzebuerger Spezialunitéit USP bei enger Übung.
D’Lëtzebuerger Spezialunitéit USP bei enger Übung.
© RTL (Archiv)

Dat huet e Mëttwoch de sougenannte GCT festgehalen, den nationale Koordinatiounsgrupp fir d’Lutte géint den Terror. An dësem Gremium sinn d’Police, de Parquet, de Geheimdéngscht, den “Haut commissariat à la protection nationale”, grad wéi eng ganze Rëtsch Ministèren dra vertrueden.

Am ganze gëtt et 4 Geforen-Niveauen, wou bäi deem Zweeten, deen elo weider gëllt, ee vun enger reeller, awer abstrakter Gefor ausgeet. Eng konkret Menace ass der Definitioun no, an deem Status deemno onbegrënnt, mee d’Virsiicht vun den Autoritéite bleift ginn. Eréischt um Niveau 3 geet ee vun enger probabeler a konkreter Gefore-Situatioun aus.

Liest hei d’Schreiwes vum Haut-Commissariat à la protection nationale

Back to Top
CIM LOGO