Staatsminister confirméiertTerrasse kënne vum 7. Abrëll u vu 6 Auer bis 18 Auer opgemaach ginn

Roy Grotz
Dat awer ënner strikten Oploen. Domadder hat de Xavier Bettel d'RTL-Informatioune confirméiert.

Wéi de Staatsminister Bettel sot, hätt een aktuell net vill Sputt, well och d'Neiinfektiounen an d'Luucht gaange sinn an och weider eropginn.

Déi lescht Woch goufen et bal 1.600 Neiinfektiounen, wat ee Véierel méi ass, wéi d'Woch virdrun. Den Inzidenz-Taux klëmmt op 250 Covid-Fäll op 100.000 Awunner. Den R-Facteur läit bei 1,13.

D'Hausse wier awer net exponentiell. Och d'Situatioun an de Spideeler wier stabel, sou de Staatsminister. An awer wier d'Opmaachen vun den Terrassen eng wichteg symbolesch Decisioun.

D'Ouverture vun den Terrassen geschitt ënner strikten Oploen:

Op engem Dësch däerfe maximal zwou Persoune sëtzen, ausser wann d'Leit aus engem Stot kommen. Dann dierfe méi Leit beieneen sëtzen. D'Terrassen dierfen vu moies 6 bis owes 18 Auer op sinn. En Afterwork ass also net dran.

Soss gëllen déi bekannte Reegelen, datt Leit musse sëtzen, datt de Mask obligatoresch ass, wann een net um Dësch sëtzt, d'Dëscher mussen och annerhallwe Meter vuneneen ewechstoen.

Och eng Traçabilitéit muss vun de Leit am Horeca-Secteur iwwert hir Clientë garantéiert ginn.

Formell gesi bleift et iwwregens bei enger administrativer Fermeture. Hëllefen, wéi de Chômage partiel, wäerten en place bleiwen, och wann d'Terrass opgemaach gëtt. Och gi Betriber, déi keng Terrass hunn oder se net wëllen opmaachen, weider ënnerstëtzt.

Allerdéngs gëtt et ee Bemol, esou de Premier Xavier Bettel. D'Ouverture ass just méiglech, wann d'Situatioun esou bleift ewéi se ass. Wa se géif méi schlecht ginn, gëtt näischt aus de Pläng.  Den Ament wiere mer net an der Situatioun, wou mer eng exponentiell Hausse hätten, och wann d'Chiffere vun den Neiinfektiounen aktuell héich wieren.

All aner Restriktiounen, wéi d'Persounelimitatioun doheem an de Couvre-Feu, bleiwen iwwerdeems och bis de 25. Abrëll bestoen.

Déi nächst Woch gëtt dat 11. Corona-Restriktiouns-Gesetz an der Chamber gestëmmt, fir datt d'Reegelen, déi Karfreideg auslafen, weider kënne gëllen.

Schnelltester och a Lëtzebuerger Supermarchéen

D'Supermarchéë kruten iwwerdeem vun der Santé eng Lëscht mat Produzente vu Schnelltester, sou datt dës do kënne bestallt ginn, fir da verkaf ze ginn.

Impfungen: Weider Dosisse kommen, 5. Impfzenter geet op

D'Kadenz bei den Impfungen geet dem Staatsminister no erop. Bis ewell goufen 78.000 Dosisse gesprëtzt, bal 19.000 Leit kruten déi zweet Impfung. Bis Enn vum Mount sollen 134.000 Dosisse Vaccin vun 3 Produzente geliwwert ginn.

Méindes, den 12. Abrëll geet iwwerdeem am Hangar vun der Air Rescue dee fënneften Impfzenter op, sou datt dann potenziell kënnen 55.000 Leit d'Woch vaccinéiert ginn. E sechsten Impfzenter gëtt iwwerdeem an den Halen vun der LuxExpo amenagéiert.

50-Euro-Bonge gi verlängert

D'50-Euro-Bongen fir eng Iwwernuechtung an engem Lëtzebuerger Hotel ginn iwwerdeem eng drëtte Kéier verlängert a gëlle bis de 15. September. 108.000 Bonge goufe bis ewell ageléist.

Iwwregens war d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert aus gesondheetleche Grënn net dobäi. Si gouf vum Direkter vun der Santé, dem Dr. Jean-Claude Schmit vertrueden.

E Livestream gëtt et vun hallwer 4 un hei op RTL.lu

PDF: D'Reaktioun vun der adr

Back to Top
CIM LOGO