Stater GeriichtSuspendéierte Polizist zu 3 Joer Prisong verurteelt, d'Hallschent op Sursis

RTL Lëtzebuerg
De Polizist hat en anere Polizist, ausserhalb vum Déngscht, hefteg zerschloen.

Den deemools 25 Joer-jonke Mann hat an enger Disco um Lampertsbierg am November 2016, wuel aus Jalousie, en anere Mann attackéiert an därmoossen zerschloen, dass dësen Bréch am Gesiicht hat, an souguer haut nach Nowéien dovunner géif spieren.

Souwuel den Täter, wéi och d’Affer ware Polizisten, allerdéngs net am Déngscht.

Nieft der Prisongsstrof kënnt nach eng Geldstrof vu 1.500 Euro dobäi.

Back to Top
CIM LOGO