Tourismus-SektiounStudente vun der Hotelschoul trotz Schwieregkeete weider optimistesch

Christophe Hochard
Zanter engem Joer leeft am Tourismus weltwäit net méi vill, mee d'Loscht an de Besoin fir ze reesen, wäert wuel ni ausstierwen.
Tourismus-Sektioun an der Hotelschoul zu Dikrech
Zanter engem Joer leeft am Tourismus weltwäit net méi vill, mee d'Loscht an de Besoin fir ze reesen, wäert wuel ni ausstierwen.

Dofir gi gutt ausgebilt Leit gebraucht. An der Dikrecher Hotelschoul ginn d'Schüler a ville verschiddene Beräicher op d'Erausfuerderungen am Tourismussecteur preparéiert. Och wann et den Ament méi schwiereg ass, bleiwen déi Jonk optimistesch, dass si spéider hiert Brout an der Reesbranche verdéngen.

An der Hotelschoul zu Dikrech gëtt et eng Panoplie u Formatiounen. Dorënner déi am Beräich vum Tourismus. Nieft theoretesche Coursë spillen hei d'Stagen eng grouss a wichteg Roll. Wéinst der Pandemie waren déi d'lescht Joer net méiglech. Dëst Schouljoer klappt et an deem Sënn awer nees besser.

Huet een no der Première an der Sektioun Tourismus den Diplom an der Täsch, kann een entweder schaffe goen oder zu Dikrech an der Schoul nach de BTS maachen. Dëst sinn nach 2 Joer Schoul.

Hotellerie, Restauratioun oder Evenementiel: an dësen 3 Beräicher kann ee spéider Fouss faassen. Déi aktuell sanitär Kris mécht d'Liewen an deem Secteur net einfach. D'Schüler sinn awer gudder Deng an dësem Beräich ze schaffen.

Wéini den Tourismussecteur nees unzitt, ass ongewëss. D'Schüler an d'Schülerinnen aus der Hotelschoul wäerte bis dohinner op jiddwerfalls prett sinn, fir an dësem Beräich hire Mann oder Fra ze stellen.

Back to Top
CIM LOGO