Erop op 25 ProzentTrump annoncéiert méi héich Taxe fir Autoen a Camionen aus der EU

RTL Lëtzebuerg
Den US-President Donald Trump geet nees géint d'EU vir. Déi nei Reegelung soll vun der nächster Woch u gëllen.
Archivfoto.
© KENT NISHIMURA/AFP

Dës Kéier wëll Den Donald Trump d'Taxen op Autoen a Camionen, déi aus der Europäescher Unioun an d'USA geliwwert, ginn ëm 25 Prozent an d'Luucht setzen. Dat vun der nächster Woch un.

An engem Post op senger Plattform Truth Social begrënnt den US-President dat domat, dass d'EU sech net un deen ofgemaachenen Handelsaccord géif halen.

"Ech freeë mech, bekannt ze ginn, datt ech wéinst der Tatsaach, datt déi Europäesch Unioun sech net un eis komplett vereenbaart Handelsofkommes hält, ech an der nächster Woch d'Taxen op Autoen an op Camionen aus der Europäescher Unioun, déi an déi Vereenegt Staaten importéiert ginn, erhéije wäert", esou den Trump op Truth Social. Aktuell läit den Taux bei 15 Prozent.

Back to Top
CIM LOGO