29 Mineuren 2025 zu Schraasseg placéiert Strukturelle Manktem wier iwwer Jore gewuess, sou Justizministesch Elisabeth Margue

RTL Lëtzebuerg
Wéi kann et sinn, dass d'Unzuel vu Mannerjäregen, déi am Erwuesseneprisong placéiert goufen, 2025 esou staark eropgaangen ass? Dat war d'Fro vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana.
© RTL

29 Mineure wieren d’lescht Joer zu Schraasseg placéiert ginn, bei engem Deel wier et net dat éischt Placement gewiescht. D’Ministesch huet vun engem strukturelle Manktem geschwat, deen iwwert d’Jore gewuess wier. Bei enger Entrevue mat der Gesondheetsministesch, dem Educatiounsminister, dem Parquet an de Jugendriichter hätt ee versicht, d’Besoine besser ze verstoen. D’Planungsaarbechten um Jugendprisong géingen och weider lafen. D’Elisabeth Margue huet ënnerstrach, et géingen haaptsächlech Jonker am Prisong placéiert ginn, déi gewalttäteg, radikaliséiert oder eng Gefor fir anerer wieren.

Back to Top
CIM LOGO