Transformator explodéiertStroumausfall zu Esch: Chem, Urgencen a Maison médicale net betraff

RTL Lëtzebuerg
Um 17.45 Auer gouf eng technesch Pann an enger Annexe vum Chem an der Rue Emile Mayrisch gemellt.
© Domingos Oliveira / RTL

D'Pompjeeën an d'technesch Ekippe sinn am Asaz. An 8 Stonne wëll een alles nees um Lafen hunn. D'Urgencen an d'Maison médicale vum Escher Chem sinn net betraff, wéi RTL op Nofro hi verséchert krut.

Wéi d'Stad Esch e Méindeg den Owend matgedeelt huet, hätt een am komplette Quartier Dellhéicht kee Stroum fir 8 Stonnen.

Eisen Informatiounen no ass en elektreschen Transformator an enger Annexe vum Chem explodéiert, wat déi grouss Stroumpann ausgeléist huet. D'Maison médicale géif mat engem Groupe vum CGDIS alimentéiert ginn.

© Domingos Oliveira / RTL

Offiziellt Schreiwes vum Chem

Communiqué de PresseIntervention en cours dans la Rue Emile Mayrisch à Esch-sur-Alzette

02 novembre 2020

Un incident technique s'est produit dans un bâtiment annexe du CHEM. Les forces d'intervention sont sur place afin de remédier à la situation. La durée de l'intervention est estimée à 8 heures pour lever cette panne technique.

Le Centre Hospitalier Emile Mayrisch n'est pas impacté par l'incident. Les Urgences du CHEM resteront accessibles 24h/ 24, 7/7.

Transformator zu Esch explodéiert
Zu Esch ass an der Annexe vum Chem en elektreschen Transformator explodéiert. Doduerch gouf et eng gréisser Stroumpann.

Offiziellt Kommunikatioun vun der Stad Esch

Suite à un incident dans un transformateur électrique, le quartier Dellhéicht sera prévisiblement sans électricité pendant les 8 prochaines heures. Le transformateur en question doit être démonté et échangé. Le CHEM et la Maison médicale ne sont pas concernés.

La Ville d’Esch fait tout de son possible pour redresser la situation au plus vite.

Back to Top
CIM LOGO