
Virun der nächster Reunioun en Dënschdeg de Mëtten, tëscht dem OGBL an der Direktioun beim Conciliateur, preparéiert sech d'Gewerkschaft op e Streik. Dat huet den OGBL elo an engem Communiqué annoncéiert.
D'Direktioun wéilt nämlech onbedéngt e Sozialplang duerchzéien an kee Plan de maintien dans l'emploi. Obschonns esou een am August ënnerschriwwe gi wier.
Eng 200 Aarbechtsplaze beim amerikanesche Glasproduzent sti wéinst Ëmstrukturéierungen um Spill.