Corona-KrisStéckoxiden op Hotspotte manner héich

Pit Everling
Déi aktuell Situatioun duerch de Coronavirus wäert keng laangfristeg Besserung bei der Loftqualitéit bréngen.

Zemools bei eisen däitschen Nopere gëtt den Ament vill heiriwwer diskutéiert. Huet de Lockdown en Impakt op d'Loftqualitéit? Op de sougenannten Hotspotte goungen d'Wäerter vum Stéckoxid zeréck, déi vum renge Stëbs awer net onbedéngt. De Pit Everling huet beim David Glod vun der Ëmweltverwaltung nogefrot.

Loftqualitéit/Reportage Pit Everling

Woumat hu mer et iwwerhaapt ze dinn? De Gas-Stéckstoffdioxid oder NO2 entsteet bei der Verbrennung vu fossillen Energien. Dernieft gëtt et dann nach de renge Stëbs, dat si ganz kleng Partikelen.

"Feinstaub, deen zum Deel an der Natur awer och bei aneren Aktivitéiten entsteet.", seet den David Glod.

Et ass Rieds vun eventuellen Impakter op d'Gesondheet vum Mënsch, ënner anerem kéinten d'Otemweeër gereizt ginn. Dat ass besonnesch ronderëm d'Hotspotten de Fall, also op deene Plazen, déi besonnesch staark belaascht sinn.

Op Lëtzebuerger Hotspotten, wéi an der Stad an zu Esch, do si lo mam Lockdown d'Stéckoxid-Wäerter mol zeréckgaangen, dat well manner Verkéier war.

"Op den Hotspotten ass den Haaptproblem den NO2 an do sinn d'Wäerter erofgaangen."

Beim renge Stëbs ass dat Ganzt awer net sou einfach. Do gëtt et zum Beispill eng grouss Hannergrond-Belaaschtung, déi sech och méi homogen iwwer d'ganzt Land verbreet.

"Do sinn Haaptquellen, dat, wat verbraucht gëtt bei den Haiser: Heizungen, Holzverbrennug awer och d'Industrie, natierlech Quellen an de Verkéier."

Gréisser Opreegung gëtt et jo an Däitschland. Datt de renge Stëbs op verschiddenen Hotspotten elo am Confinement net zeréckgaangen ass, dat gëtt plazeweis als Beweis ugesinn, datt Dieselfuerverbueter falsch an onverhältnesméisseg wieren.

"An där Diskussioun gëtt relativ vill duerchernee gehäit, Hannergrond-Pollutioun a Pollutioun vun Hotspotten an all déi Saachen, déi een op sozialen Netzwierker liest, déi sinn net ëmmer ganz objektiv."

Ob lo Diesel-Fuerverbueter op deene Plazen adequat wieren oder net, dat wier schwiereg, aus der Distanz ze jugéieren, sou den Directeur adjoint vun der Ëmweltverwaltung. Zu Lëtzebuerg géing d'Fro vun Diesel-Fuerverbueter sech den Ament souwisou net stellen.

Wann elo den Deconfinement ëmgesat ass, kéint een dovunner ausgoen, datt d'Situatioun op den Hotspotten awer nees déi al wäert ginn.

Fir datt sech un der Hannergrond-Pollutioun beim N02 oder beim renge Stëbs eppes géing änneren, do bräicht et schonn en Ëmdenke bei der Mobilitéit mat grousse strukturelle Changementer.

Back to Top
CIM LOGO