Fake Eminem-ConcertStad Lëtzebuerg warnt viru Phishing

Marlène Clement
Pierre Weimerskirch
Op de soziale Medien zirkuléiert eng falsch Annonce fir en Eminem-Concert am Stade de Luxembourg. D’Stad Lëtzebuerg huet per Schreiwes matgedeelt, dass et esou ee Concert net gëtt.
Fake Eminem Ville de Luxembourg
Dëst ass ee Fake. Et ass kee Concert vum Eminem am Stade de Luxembourg.
© Screenshot Facebook

D’Stad Lëtzebuerg warnt aktuell virun enger Phishing-Attack, déi op de soziale Medien am Ëmlaf ass. Do gëtt en angebleche Concert vum Rapper Eminem am Stade de Luxembourg annoncéiert. Dës Annonce ass awer falsch, esou ee Concert ass net geplangt.

Wie drop klickt, gëtt op eng Säit weidergeleet, wou een Tickete kafe soll an dobäi perséinlech Donnéeën ugëtt. D’Stad schwätzt vun enger Arnaque a rifft dozou op, besonnesch virsiichteg ze sinn. Gläichzäiteg gëtt drun erënnert, datt am Stade de Luxembourg keng Concerten organiséiert ginn, mee just sportlech Evenementer ofgehale ginn.

Wéi kann ee sech schützen?

Ëmmer nees zirkuléieren esou, oder änlech Annoncen an de soziale Reseauen. Dofir hei e puer Tipps:

Kuckt genee op d’Source: Ass d’Annonce vun enger offizieller Säit?
- Net direkt klicken: Besonnesch bei “ze coolen“ Offeren oder groussen Nimm
- Websäit kontrolléieren: Komesch URLen oder Schreiffeeler sinn e Warnsignal
- Keng Donnéeën uginn: Net Bankdonnéeën oder perséinlech Informatiounen op onbekannte Säiten aginn
- Am Zweiwel op offizielle Sitten nokucken oder nofroen: Kuckt op offizielle Säiten oder an de Medien, ob den Event wierklech existéiert

Kéim de Weltstar Eminem fir e Concert op Lëtzebuerg, da wier dat och eng Nouvelle op rtl.lu

Fir Kontakt mat der Onlineredaktioun opzehuelen, maacht e Mail u red@rtl.lu

Back to Top
CIM LOGO