Wirtschaftsminister Franz FayotStabiliséierungsplang an der Maach

RTL Lëtzebuerg
D'Regierung preparéiert aktuell een neie Mesurëpak, e sougenannte Stabiliséierungsplang, fir d'Wirtschaft an Zäite vun der Corona-Kris ze stäipen.
Pressekonferenz vum Franz Fayot
D'Regierung preparéiert aktuell een neie Mesurëpak, e sougenannte Stabiliséierungsplang, fir d'Wirtschaft an Zäite vun der Corona-Kris ze stäipen.

Um Samschdeg ënnersträicht de Wirtschaftsminister, datt Kleng- a Mëttelbetriber an d'Independanten "absolut Prioritéit" si vum Stabiliséierungsplang, deen aktuell an dr Maach ass. De Franz Fayot reagéiert domadder op Kritik, d'Mesuren fir d'Wirtschaft an der Corona-Kris wieren net fir d'Independanten. Genee wéi de Premier seet hien, et géing keen am Reen stoe gelooss ginn.

De Wirtschaftsminister Franz Fayot sot e Freideg den Owend op enger Pressekonferenz hie kéint nach keng Enveloppe nennen, well am Moment nach d’Analyse lafen, dat zesummen notamment mat der SNCI a mat de Banken, fir ofzeweien wéi eng Mesuren zeréckbehale ginn a wéi eng net.

"Den Impakt op déi reell Ekonomie ass net just hefteg, mä och brutal. Brauchen eng entspriechend Reaktioun", sou de Franz Fayot.

De Wirtschaftsminister: "Ech nennen hei ganz bewosst keng finanziell Enveloppe, déi dëse Stabiliséierungsplang kaschten däerf oder soll. Ech erënnere just drun, datt d'Lëtzebuerger Staatsfinanze gesond sinn, dat gëtt eis déi néideg Marge de manoeuvre, déi et brauch, fir dëse Stabiliséierungsplang kuerz-, mëttel- a laangfristeg ze finanzéieren. Mir maachen och hei keng falsch Hoffnungen. Mir wäerten net all Betrib kënnen hëllefen. Mir maachen dat Bescht, de Maximum dee méiglech ass. A just dat ass haut sécher."

Extrait Franz Fayot (1)

De Franz Fayot huet dann nach emol erënnert, datt d’Kuerzaarbecht, de Chômage partiel, erweidert ginn ass op all d’Betriber, op CDI an CDD, mä och op d'Léierbouwen an d'Léiermeedercher. Allerdéngs missten d’Demandë vun der nächster Woch un net méi beim Comité de Conjoncture agereecht ginn, mä bei der Adem.

De Franz Fayot: "D'Adem setzt an deenen nächsten Deeg een informateschen Utils op hirem Site online, fir d'Demanden iwwer Internet eranzeginn. De Remboursement gëtt séier a réckwierkend op deem Datum garantéiert, wou d'Regierung de Secteur zougemaach huet. Bei de Restauranten, Caféen an dem Commerce war dat zum Beispill de 16. Mäerz. Hei ass eng Demande vu mir un iech dobaussen. Gidd eis eng Chance fir déi Dausenden Demanden esou séier wéi méiglech ze traitéieren. Mir sinn amgaangen eis dofir opzestellen. Och d'Verwaltunge schaffe mat engem reduzéierten Effektiv denkt wgl. dorunner."

Extrait Franz Fayot (2)

Onsen Informatiounen no si Präisser bei Fournisseure vu Liewensmëttel schonn eropgaangen, wat Restaurateuren, déi nach Liwweren oder à emporter ubidden, viru grouss Problemer stellt. Soll och elo an Zäite vu Kris eleng d’Offer an d’Demande spillen oder plangt d’Regierung Korrektiounsinstrumenter?

De Franz Fayot: "Dat ass eng Mesure, déi elo nach net um Orde du jour ass. Dat ass eng Informatioun, déi ech elo den Owend héieren. Mir sinn natierlech an engem Kontext, wou déi normal Reegelen net méi spillen a  wou natierlech och d'Reegele vun der Offer an der Demande affektéiert sinn. Dat do ass eppes wat mir mussen analyséieren. Wéi gesot an engem exzeptionelle Kontext kann een näischt komplett excluréieren an dofir muss een dat do relativ staark um Radar behalen. Dat ass eng inquétant Nouvelle, déi mir ganz sécher wäerte kucken."

Extrait Franz Fayot (3)

Zur Fro ob et wéi an den USA kéinte Schecke vun 1.000 Dollar fir d’Leit ginn, sot de Franz Fayot dat wier net „passend“ fir e Land wéi Lëtzebuerg. D’USA wieren e Land ouni sozial Sécherheet wéi hei. Hei géing et drëm goen, Aarbechtsplazen a Betriber ze retten.

De Wirtschaftsminister sot dann op europäeschem Plang hie wier zouversiichtlech, datt pragmatesch Léisunge fonnt ginn. Däitschland zum Beispill hätt e Freideg Export-Restriktiounen opgehuewen. Déi fräi Zirkulatioun vu Gidder a vu Leit, dat wier fir Lëtzebuerg wichteg, mä et géing och an zwou Richtunge goen, sou de Franz Fayot.

Back to Top
CIM LOGO