CGFPStaatsbeamtegewerkschaft kritiséiert Impfstrategie vun der Regierung

RTL Lëtzebuerg
Wéi et an engem Communiqué den Donneschdeg de Moien heescht, kann d'CGFP kee Plang a kee Konzept bei der Impfstrategie erkennen.

Et versteet een net, firwat Enseignanten an Educateuren net prioritär geimpft ginn, dass d'Rettungskräft geimpft ginn, Polizisten awer net, oder dass d'Prisongspopulatioun geimpft gëtt, d'Prisongspersonal awer net. Och déi niddereg Impfbereetschaft beim Gesondheets- a Fleegepersonal mécht der CGFP Suergen. D'Politik misst hei iwwer aner Moossnamen nodenken. Dofir fuerdert Gewerkschaft dann och eng Entrevue.

PDF: Offiziellt Schreiwes vun der CGFP

Back to Top
CIM LOGO