
Déi kanadesch Bank, bei där den Ament de Gewerkschaften no méi wéi 1.100 Leit schaffen, hat Uganks des Mount annoncéiert op en Neits Mataarbechter aus wirtschaftleche Grënn z'entloossen a sech intern ze restrukturéieren.
Schlussendlech wäerte maximal 214 Plazen vum Sozialplang concernéiert sinn.
D'Gewerkschaften haten am Virfeld kritiséiert, datt de Sozialplang vun 2019 mol nach net ganz ëmgesat gouf. LCGB, OBGL an Aleba un och en Appell un d'Direktioun lancéiert, fir alles ze maachen, fir de Site Lëtzebuerg z'erhalen an d'Aarbechtsplazen hei am Land bei der RBC Bank ze garantéieren.