Aus dem RTL-Podcast "Wellebriecher"Solle verschidde Beruffsgruppe beim Impfe prioriséiert ginn?

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moie war d'Presidentin vun der Ethikkommissioun Julie-Suzanne Bausch eis Invitée.
Solle verschidde Beruffsgruppe beim Impfe prioriséiert ginn?
En Dënschdeg de Moie war d'Presidentin vun der Ethikkommissioun Julie-Suzanne Bausch eis Invitée am Podcast Wellebriecher.

Am RTL-Podcast Wellebriecher gëtt all Woch mat engem Expert iwwert aktuell Theme ronderëm de Coronavirus geschwat. Dës Kéier goung et ëm d'Prioriséierung beim Impfen a wéi et mat de Mesurë weidergoe soll.
Solle verschidde Beruffsgruppe beim Impfe prioriséiert ginn? Déi Fro huet d'Regierung der Ethikkommissioun gestallt. Ma d'Julie-Suzanne Bausch gesäit schonn eng gewëssen Aart vun Vulnerabilitéit a verschiddene Beruffer, déi esou eng Prioriséierung begrënne géif.

Mir denken do u Leit, déi wierklech eng vulnerabilité de contact hunn, wéi mir déi nennen, dat sinn au-delà vun deene Funktioune Mënschen, wou mir eis all eens sinn, dass se méi exposéiert sinn, well se a Beruffer sinn, wou si méi no um Mënsch dru sinn.

Dozou gehéieren net nëmme Giischtercher, mä och Polizisten, Enseignanten, Caissieren am Supermarché, awer och besonnesch Educateuren, déi mat klenge Kanner schaffen. En offiziellen Avis vun der Ethikkommissioun zur Prioriséierung soll bis Péngschte stoen.

Am Wellebriecher goung et awer och drëms, wéi et mat de Mesurë weidergoe soll, wann ee bis geimpft ass. Am Akafszentrum ënnerscheeden, wien elo berechtegt ass, ouni Mask eranzekommen a wien net, ass awer einfach net ëmsetzbar. Genau dowéinst wier et esou wichteg, dass och geimpfte Leit sech weider un d'Mesuren halen.

De Moment, wou all Mënsch d'Impfung proposéiert krut, ass keen Grond méi do, déi, déi geimpft sinn, net rëm an d'Fräiheet ze entloossen. Et ass kee Privileeg, d'Fräiheet erëmzekréien, et ass e Grondrecht. Wou et delikat ass, dat ass, wann ech soen, ech ginn engem Geimpfte lo méi large Reegelen, soen mer mol: du brauchs dech u keen Mask a sou weider ze halen, wann net all Mënsch d'Geleeënheet hat, sech ze impfen.

Ausname kéint een zum Beispill an Altersheemer maachen, well hei e groussen Deel vun de Bewunner de Vaccin scho krut. Déi eeler Léit kéinten da rëm zesummen iessen oder Aktivitéite maachen. Dat Ganzt ouni Mask an Distanz, sou eng Propos vun der Ethikkommissioun.

De ganze Podcast kënnt Dir Iech op RTLPlay ulauschteren.

LINK: Wellebriecher - Episod 27: Mat der Presidentin vun der Ethikkommissioun Julie-Suzanne Bausch

Back to Top
CIM LOGO