25. Editioun vum TélévieD'Solidaritéit "wiisst a wiisst vu Joer zu Joer"

Chris Meisch
Um groussen Télévie-Dag e Samschdeg koumen nees Honnerte Leit uechter d'Land zesummen, fir Done fir de gudden Zweck ze sammelen – an och e puer prominent Gesiichter hate sech Rendez-vous ginn.
Um Télévie-Dag 2026 beim Zenter Biissen
Um Télévie-Dag 2026 beim Zenter Biissen.
© Max Steffen / Télévie Zenter Biissen

E Samschdeg war déi grouss Finall vun der 25. Editioun vum Télévie. 1.521.863 Euro goufen am Ganze fir d’Kriibsfuerschung gesammelt.

A véier verschidde Centres de promesse uechtert d’Land, vu Rodange iwwer d’Belle Etoile bis op Biissen a Feelen, hunn Honnerte Benevolle sech de ganzen Dag iwwer fir de gudden Zweck agesat.

Ma net just an de Centres de promesse war vill lass: uechtert d’ganzt Land waren d’Leit aktiv an um Tour, fir de gudden Zweck.

Wat um groussen Télévie-Dag uechter d'Centres de promesses lass war
Fir den Ofschloss vun der Editioun ass all Joer de groussen Télévie-Dag uechter d’Centres de promesses. Fir de 25. Anniversaire gouf sech besonnesch agesat.

Dat ganzt Joer iwwer hu Benevolle fir den Télévie Sue gesammelt an e Samschdeg hunn d’Leit an de Centres de promesse nach eemol alles ginn, fir esou vill wéi méiglech Spenden zesummenzekréien. Et si Schecken iwwerreecht ginn, et gouf Vëlo a Moto gefuer, Futtball a Basket gespillt, gesongen, um Crosstrainer gelaf a villes méi.

D’Atmosphär war dobäi iwwerall déi selwecht: vill Emotiounen, Engagement a Passioun – an eng gemeinsam Missioun: de Kampf géint Kriibs virunzedreiwen.

Eng Persoun, déi dat alles verkierpert, ass d’Coordinatrice vum Télévie, d’Diane Wunsch, fir déi et elo no 25 Joer Engagement déi lescht Editioun war: “Bis elo war dat, dat schéinst, wat ech a mengem Liewe gemaach hu berufflech, an dat huet mech ëmmer erëm Joer fir Joer motivéiert. Ech wollt scho viru bëssi méi laangem ophalen, hunn ech awer net gemaach, well ech eeben einfach erëm déi Motivatioun fonnt hunn. Et ass eng Energie, et ass eng Dynamik, déi opkënnt an do kanns du einfach net Nee soen.”

D’LSC-Kandidate vun dësem Joer waren zesumme mam Laura Thorn um Tour an hunn an de verschiddene Centres de promesse am Land Concerten zum beschte ginn.
Och d’Dreamteam 2.0 war dëst Joer nees dobäi, mat ënnert anerem dem Liz Braz, dem Mandy Minella an dem Marc Oberweis, déi vum Kierchbierg aus an déi véier verschidde Centres de promesse waren, fir bei de verschiddenste Sportaktivitéite matzemaachen. Am Ganzen hu si 10.000 Euro fir den Télévie gesammelt.

De fréieren Nationalspiller, Marc Oberweis: “Den Télévie ass ee grousse Rendez-vous am Kalenner zu Lëtzebuerg, a mir probéieren dat esou gutt wéi méiglech ze ënnerstëtzen, och wann dëst Joer warscheinlech ënnert dëser Form vum Dreamteam déi lescht Editioun wäert sinn, mee mir kucken awer, wat mir an Zukunft wäerte maachen, fir justement de Leit ze hëllefen.”

An et goung sportlech weider mat de ronn 80 Cyclisten, déi e Samschdeg um DHL-Télévie-Vëlostour matgemaach hunn a ronn 126 Kilometer uechter d’Land gefuer sinn.

De Serge Haag, President vu “Cycling for Health”, déi ënnert anerem de Vëlostour ugefouert hunn: “Ech hunn der haut souguer nach um Parking begéint, déi bei mech komm sinn an einfach 100 Euro an d‘Täsch gedréckt hunn a soten, ‘Hei kann ech nach matfueren, de Wally sot mir, et ass nach eng Tenue do.’ Do sot ech, ‘hei komm sëtz dech op de Vëlo a fuer, an hal elo mol deng Suen’, an et mécht richteg Spaass, dass ee gesäit, wéi déi Solidaritéit wiisst a wiisst vu Joer zu Joer.”

Um Tour waren e Samschdeg och 350 Motorrieder, déi vu Biissen uechter d’Land bis op Rodange gefuer sinn, wou si dunn hir Scheckiwwerreechung gemaach hunn.

De President vum Motoclub Kayldall, Alain Rodenbour: “Et war alles tipptopp, ech mengen, mir haten dëst Joer mol eng Kéier Chance, d’Wieder huet matgespillt. Mir hate super Wieder, dofir hate mir och vill Motoen. Mir haten duebel esou vill Motoen, ewéi déi lescht Joren. Den Tour ass gutt verlaf, et ass kengem eppes geschitt, mir sinn alleguer gutt hei ukomm, alles tipptopp.”

Och eng Rei héichkaräteg Gäscht hu sech dëst Joer um Télévie gewisen. D’Grand-Duchesse Stéphanie war am Centre de promesse zu Rodange op Besuch, wou si sech en Androck vum Engagement vun de ville Benevolle gemaach huet an de Leit Merci gesot huet fir hiren Asaz.

Och de Premier Luc Frieden war um Terrain: an der Belle Etoile huet hie bei der Crosstrainer-Challenge matgemaach an domat net nëmmen seng Ënnerstëtzung gewisen, mee och aktiv zum gudden Zweck bäigedroen.

Back to Top
CIM LOGO