Syndikat vun EnseignantenSNE riicht sech an engem Facebook-Post un de Minister Meisch

Maxime Gillen
Och d'Enseignantsgewerkschaft SNE ass net dovun iwwerzeegt, dass et Enn Mee schonn erëm sécher ass an d'Schoul ze goen.

Dat schreift si haut an engem Facebook-Post. Virun allem géif een net hoffen, dass hei déi wirtschaftlech Iwwerleeunge géife virun déi gesondheetlech Risike gestallt ginn. Ausserdeem wier déi praktesch Ëmsetzung vun den neie Sécherheetsmesuren an de Schoulen net evident a géife groussen Drock op d'Schoulen an d'Léierpersonal maachen.

Et hätt een nach eng ganz Partie Froen an et géif ee sech esou séier ewéi méiglech verbindlech Äntwerte vum Educatiounsminister dorobber erwaarden.

RTL NEWS: Féduse/CGFP: Syndikat reprochéiert dem Educatiounsministère Vertrauensbroch
RTL NEWS: 5.500 Ënnerschrëften: Petitioun, fir datt Schoule bis September zoubléiwen, muss diskutéiert ginn

Back to Top
CIM LOGO