
D’Enseignantsgewerkschaft SNE begréisst den Aktiounsplang, fir schoulesch Inklusioun an der Grondschoul. Et kéint een eng ganz Partie Verbesserunge feststellen a méi Personal an de Schoule wier ëmmer eng Plus-value.
Ma wien eng Pressekonferenz organiséiert, huet gewéinlech och Kritik a Richtung vum Educatiounsministère.
Eng Mesure aus dem Aktiounsplang, déi den SNE als absolut inakzeptabel bezeechent, ass d’Schafe vun engem Comité Local. Dëse soll zwee Mol de Mount zesummekommen, fir eng Propose fir d’Verdeelung vun de sougenannte I-EBS – also spezialiséiert Léàierpersonal – an A-EBS – Assistente fir den Alldag – auszeschaffen, déi dono misst vun der Direktioun validéiert ginn, erkläert de Patrick Remakel.
“Et wier also de Regionaldirekter, deen iwwert d’Propositioun vum Comité local entscheede géif an deen en fine dat lescht Wuert hätt. Amplaz Bürokratie ofzebauen, géif se duerch dës schwéierfälleg Prozedur weider ausgebaut ginn. Alt nees en administrative Waasserkapp”, sou de Patrick Remakel.
Am Kontext vun der Prise en charge vu Kanner mat spezifesche Besoine wier den SNE fir eng Stäerkung vun der Schoulautonomie. Doriwwer eraus géing eng punktuell a sporadesch Interventioun vun engem zweeten Intervenant an de Klasse vum Cycle 1 net duergoen.
“Den SNE huet ëmmer kloer gefuerdert, datt dësen zweeten Intervenant an all Klass aus dem Cycle 1 nom Modell vum Precoce mat engem Team aus engem Enseignant an engem Educateur intervenéiere soll. Wéi am Precoce misst den zweeten Intervenant, an eisen Aen, all Dag wärend der ganzer Unterrechtszäit mam Enseignant zesummeschaffen”, seet de Patrick Remakel.
Positiv gëtt den Ausbau vun der Zuel vun de Kompetenzzentre gesinn, an dass d’Kanner net méi dierften tëscht de Kompetenzzentren hin an hier geschubst ginn.
E weidere Pluspunkt gesäit een am temporären Ausschloss vun engem Kand aus der Schoul vu maximal dräi Deeg an akute Situatiounen. Doduerch kéint de Schoulbetrib kuerzfristeg stabiliséiert ginn, mee dono misst och eng Prise en charge kommen.
Den SNE begréisst dann och, dass d’A-EBS an d’I-EBS sollen an Zukunft am Fall vun enger Kris bei engem Schüler als Zort First responder intervenéieren. Dat wier zwar och elo scho gréisstendeels de Fall, mee nei wier elo, dass dono soll eng multidisziplinär Ënnerstëtzungsekipp, déi sougenannten ESEB, iwwerhuelen.