HorescaSecteur enttäuscht iwwer Exit-Strategie vun der Regierung

Tim Morizet
Roy Grotz
Vun nächster Woch un dierf e Groussdeel vun de Geschäfter no der Corona-Paus nees hir Dieren opmaachen.
"Aussoe vu Regierung a Saache Gastronomie ze vague"
Vun nächster Woch un dierf e Groussdeel vun de Geschäfter no der Corona-Paus nees hir Dieren opmaachen.

An der Gastronomie gesäit dat ganz anescht aus: Caféen, Restauranten an d'Terrasse musse weider waarden – vläicht ze laang.

Ausgeliwwert gëtt nees zu Déifferdeng. Sech dobannen awer eng Plaz huelen, ass kategoresch verbueden, obwuel ee jo eigentlech genuch Plaz tëscht den Dëscher arrangéiere kann. Geplangt gëtt op d'mannst emol.

D'Alba Spinelli, Restaurant-Besëtzer:

"Ech weess ganz genee, datt mer mussen Distanz halen. Ech hu do och e klenge Plang gemaach, wéi ech all meng Dëscher arrangéiert kréien. Ech kréien elo keng 100 Plazen eran, ma 40 bis 50 kéint ech erakréien. Dat wär emol e gudde Start, fir datt mer awer e bësse Geld erakréien.“

All verpassten Dag kascht Lëtzebuerger Gastronomie. Net zulescht bezuelen d'Awunner. Dat iwwer d'Steiergelder, fir Faillitten aus dem Wee ze goen.

Grousst Onverständnis kënnt do, datt d'Geschäfter vun e Méindeg un nees dierfen opmaachen, ma d'Gastronomie weider hänkegelooss gëtt.

"Also, et géif eis elo net esou hëllefen ewéi d'Realitéit, déi mer nach bis viru kuerzem haten. Mais et ass scho besser ewéi näischt.“E Schrëtt méi wäit geet do de Verband vun den Hotelieren, Restauranten an Caféen. Et kritiséiert een, datt d'Aussoe vun der Regierung ze vague waren.

De François Koepp, Generalsekretär Horesca:

"De Wann, Wann, Wann an dann eventuell den éischte Juni. Jo, esou kënne mir keng Betribsberechtegung maachen. Mir brauchen elo eng Planungssécherheet. Fir ze wëssen, wou geet et hin? An dann: Wann, Wann. Do muss e ganze Pak kommen, deen elo decidéiert gëtt. Wann dann opgeet, sinn dat d'Mesuren, déi mer hunn, fir de Betriber vun do aus u weiderzehëllefen. Fir datt e Betrib rechne kann.“

Et géif een net verstoen, datt an Däitschland och ënner anerem Gastronomie nees opgemaach huet, ma een zu Lëtzebuerg weider an Etappe schafft.

"Wa mer soen, eis Caféë bleiwen zou an d'Restaurante kënnen opgoen. Wou ass den Ënnerscheed, wann ee bei de Restaurant eppes iesse geet, sech an de Café sëtzt an e Croque Monsieur ësst oder do fir eng Stonn eppes drénkt. Dat ass fir mech keng Differenz. Et däerf een do keng Differenz maachen. Betriber mussen, wa se opginn, alleguer mateneen opgoen.“

De Secteur erwaart sech elo Kloertext, virun allem well aus dem Ausland och vill gutt Beispiller kommen. Notamment iwwer d'Erweiderungen vun den Terrassen misst onbedéngt nogeduecht ginn, fënnt den François KOEPP, Generalsekretär vun der Horesca

"Dat ass och sécherlech eng Fro vun der Souverainitéit vun den eenzelne Gemengen an ech maachen dann och den Appell un alleguerten d'Gemengen, hir Terrassen absolut auszeweiten. Well et ass manner geféierlech - egal wéi, an dat soen jo och d'Bakteriologen, wann een op enger grousser Distanz ass, wou vill Espace ass, dann ass et méi schwéier sech unzestiechen, wéi wann ech an engem klenge Raum setzen. Also, ugeholl, mir hätten elo d'Ouverture an dat wier och confirméiert, da wier et immens wichteg, déi Moossnam mat den Terrassen ze huelen. Dat ass och eng Moossnam, déi och Bayern geholl huet.

Terrassen ginn do elo ausgebaut an den 18.Mee soll et erëm lass goen. Opwuel Bayern en Taux d'Infection vun enger op 6 Persounen hat. Si sinn elo immens zeréckgefuer duerch de Confinement, wou mir jo och hunn. A mir sinn jo nach méi laang confinéiert wéi si, also misst et bei eis nach vill besser sinn. A si maachen hir Béiergäert elo den 18. Mee op. Dat heescht, dass déi Leit eng Perspektive hunn. Déi Leit kënnen elo plangen an eng Mise en Place maachen."

Iwwerdeems soll et, soubal et nees lassgeet, e Label fir déi verschidde Betriber ginn, déi sech strikt un d'Mesuren a Recommandatioune vun der Horesca halen. Sou kann de Client sécher goen, datt alles esou ofleeft, ewéi et och soll.

Alain Rix: 25. Mee besseren Datum fir Reouverturen

Den Horesca-President Alain Rix hat kloer Wierder am Live-Interview am RTL-Moiesjournal fonnt.

Den Alain Rix, Extrait1

Zu Lëtzebuerg gëtt jo vun enger Reouverture den 1. Juni geschwat, awer mat engem „Wann“: Wann d'Zuelen net an d'Luucht ginn. Dat huet den Horesca-President Alain Rix am RTL-Moiesjournal kritiséiert. Ma den 1. Juni ass Päischtméindeg, e Feierdag, wou net ka geliwwert ginn, och dat huet den Alain Rix ze bedenke ginn.

Den Alain Rix, Extrait2

De 25. Mee wier e besseren Datum gewiescht fir d'Reprise am Horesca-Secteur. Bis dohinner hätt een och Sécherheetsmesurë kënnen ëmsetzen, deementspriechend Pläng hätt ee gemaach.

Et bräicht een elo kloer Aussoen a weider Hëllefen, déi een net misst rembourséieren, sou nach den Horesca President Alain Rix.

Den Interview am RTL-Moiesjournal mam Alain Rix

D'Horesca ass enttäuscht iwwert d'Exit-Strategie vun der Regierung. D'Politik misst de Secteur méi ënnerstëtzen an ambitiéis sinn. Datt d'Commercë schonn den 11. Mee schrëttweis nees dierfen opmaachen, begréisse si, bedaueren awer, dass d'Restauranten, Caféen a Terrassen nach waarde mussen, besonnesch well an aneren EU-Länner d'Ouverture vun de Restauranten schonn éischter geplangt wier.

E weidere Punkt, deen ee bei der Horesca absolut net versteet, ass de Fakt, datt d'Net-remboursabel staatlech Hëllefen op Betriber mat manner wéi 20 Leit limitéiert bleiwen.

Schreiwes vun der Horesca

L’Horesca est déçue des annonces de déconfinement faites par le Premier Ministre et juge les
mesures de soutien actuelles comme insuffisantes.

C’est avec une certaine déception que la Fédération nationale des hôteliers, restaurateurs et cafetiers a pris connaissance du calendrier de déconfinement annoncé par M. Bettel, ce 4 mai. Et après discussion avec les adhérents, les responsables tirent comme conclusion qu’il est nécessaire de mettre en place une politique de soutien plus ambitieuse.
L’Horesca se félicite de la volonté du gouvernement d’ouvrir la plupart des commerces le 11 mai prochain mais regrette que les restaurants doivent attendre encore trois semaines de plus sachant que certains pays européens autorisent l’ouverture des restaurants plus tôt
.

Le fait que les cafés soient exclus du calendrier d’ouverture provoque aussi un certain malaise dans la profession, quand on sait que la majorité des bistrots proposent aussi une gastronomie et sont capables d’offrir des mesures de sécurité similaires.

De nombreux exploitants sont au bord de la faillite et nécessitent des perspectives claires et réalistes. Le soutien proposé par les autorités publiques ne suffit plus à une grande majorité des entreprises pour surmonter cette période de crise. L’Horesca demande une enveloppe globale de soutien qui tient compte de la réalité économique actuelle à laquelle les entreprises sont confrontées. La part patronale des cotisations sociales que les employeurs doivent continuer à payer même en période de chômage partiel en est un exemple.

Le fait que les aides non-remboursables soient limitées aux entreprises de moins de 20 personnes est un autre point d’incompréhension.

A l’heure actuelle, nous ne savons toujours pas s’il y aura des mesures de soutien dans la phase de réouverture pour les entreprises de la restauration et de l’hôtellerie sachant qu’il faudra encore un certain temps pour arriver à une situation économiquement viable. Les chefs d’entreprises ont besoin d’annonces claires pour planifier le déconfinement.

Dans les prochains jours, l’Horesca publiera son guide de déconfinement qui indique clairement les mesures à appliquer pour garantir une sécurité optimale, aussi bien pour les clients que pour les collaborateurs. Par ce biais, les professionnels du secteur soulignent leur volonté de relever ce défi. Il est à espérer que les autorités publiques soutiendront les entreprises dans cette démarche avec des mesures de soutien claires qui leurs permettent de mieux planifier l’avenir et ainsi de continuer à jouer un rôle important dans notre société aussi bien au niveau économique que culturel.

Back to Top
CIM LOGO