Feelerhaft Camionspneue vu Goodyear"Se sinn ëmmer nach a Vente an a Circulatioun, obschonns se net méi dierften"

Michèle Sinner
Et huet sech erausgestallt, datt vill manner vun de feelerhafte Pneuen iwwert de fräiwëllegen Austausch-Programm zréckgezu goufen, wéi geduecht.
© Domingos Oliveira - Archivbild

D’lescht Woch gouf um Geriicht zu Besançon decidéiert, datt eng Rei vun den Dokumenter aus de Perquisitioune bei der Goodyear virun zwee Joer aus der Prozedur géint de Pneueproduzent mussen erausgeholl ginn. Goodyear ass wéinst Homicide involontaire beschëllegt, wéinst Täuschung iwwert d’Qualitéit vun hirem Produit an Täuschung an hire Geschäftspraktiken. Ma den Affekot vun der Sophie Rollet, déi d’Affär un d’Rulle bruecht hat, mécht sech dowéinst keng Suergen.

Feelerhaft Camionspneue vu Goodyear - E Reportage vum Michèle Sinner

D’Dokumenter, déi mussen zréckgezu ginn, sinn en fait Echangen tëscht Goodyear an hiren Affekoten, erkläert de Philippe Courtois.

“Les restes de documents sont toujours présents. C’est-à-dire les documents qui ont servi d ailleurs, on va dire, à ces consultations juridiques qui ont été réalisées sont toujours présents dans l’instruction.”

Dat wier normal, seet den Affekot vun der Sophie Rollet, well déi Echangen duerch de Secret professionell vum Affekot gedeckt sinn.

“Mais ces consultations-là, ces documents se sont basés sur les documents qui ont été saisis. Donc en définitive, tout ce qui a été retiré, c’est un résumé, on va dire, des pièces que nous connaissons déjà dans la procédure qui déterminent la responsabilité de Goudière et également l’avis, ou en tout cas la stratégie proposée par les avocats de Goodyear.”

De Philippe Courtois hofft, datt et lo méi séier weider geet an der Prozedur - bis elo gëtt et nach keng Uklo. D’Sophie Rollet hat virun zéng Joer Plainte gemaach, nodeems hire Mann bei engem Accident ëm d’Liewe komm war. Si hat eng ganz Lëscht Accidenter zesummegedroen, déi duerch geplatzte Goodyearspneuen ausgeléist goufen. Eng Expertise huet zanterhier etabléiert, datt de Pneu, deen den Accident ausgeléist huet, e Fabrikatiounsfeeler hat. Dofir seet hiren Affekot Philippe Courtois:

“C’est un produit qui est industriel, donc construit et fabriqué à la chaîne. Donc, le défaut d’un produit engendre inévitablement le fait que les autres produits de la même série sont concernés par ce défaut. Donc, il est quand même temps maintenant qu’on avance et qu’on puisse enfin avoir une audience correctionnelle, compte tenu des faits qui sont reprochés à cette société.”

Goodyear wousst zanter 2014, datt d’Pneuen, déi zu Colmer-Bierg produzéiert goufen, e Sécherheetsprobleem wieren, mee huet doropshi keng Réckruffaktioun gemaach. Amplaz hu si de Camionneuren iwwert e kommerziellen Echange-Programm offréiert, d’Pneuen auszetauschen.

“Et semble-t-il, et les preuves sont à l instruction également, des pneumatiques qui sont toujours en vente, toujours en circulation, alors que ces pneumatiques ne devraient plus l être.”

Et huet sech erausgestallt, datt vill manner vun de feelerhafte Pneuen iwwert de fräiwëllegen Austausch-Programm zréckgezu goufen, wéi geduecht: Just 25.000 vun der ganzer Serie vun 75.000. Sou hat dat e Goodyear-Mataarbechter viru Geriicht zu Madrid ausgesot.

“Ces chiffres notamment de la présence encore sur les routes des pneumatiques Goodyear, en tout cas du fait qu’ils n ‘ont pas tous été récupérés, provient d’un procès qui a lieu en Espagne, tout simplement pour lequel justement les chiffres ont été obtenus et ont été contrôlés, vérifiés. Donc on est loin de ce qu’avait annoncé Goodyear, c est-à-dire d’avoir récupéré ou tenté de récupérer la totalité des pneus. Ce n’est qu une partie. Il y en a encore qui sont dans la nature.”

D’Sophie Rollet, déi weider recherchéiert, huet der notamment an osteuropäesche Länner entdeckt. Ma de Camionstrafic geet queesch duerch Europa. Bis haut, ënnersträicht den Affekot, huet Goodyear kee Sécherheetsrappel vun de Pneue gemaach.

Goodyear hat RTL virun zwee Joer matgedeelt, näischt wier hinne méi wichteg, wéi d’Sécherheet vun hire Clienten. Den Austauschprogramm wier riguréis, transparent an an Zesummenaarbecht mat den zoustännegen Autoritéiten ëmgesat ginn, fir esou vill Pneue wéi méiglech ze recuperéieren.


Den Historique vun der Sophie Rollet hirer Recherche kënnt der hei nolauschteren, kucken an liesen.

Procureur mécht de Point iwwer Goodyear-Affär
Goodyear SAS Lëtzebuerg a Goodyear SAS Frankräich wäerten den 13. Mee zu Besançon a Frankräich vum Untersuchungsriichter gehéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO