OuschteriwwerraschungScoute vu Groussbus hunn eelere Leit Kaddoe gebastelt

RTL Lëtzebuerg
Vill Leit an den Altersheemer fille sech eleng a freeë sech besonnesch iwwer Ouschteren op eng Oflenkung.
Scoute vu Groussbus hunn eelere Leit Kaddoe gebastelt
Vill Leit an den Altersheemer fille sech eleng a freeë sech besonnesch iwwer Ouschteren op eng Oflenkung.

Dowéinst hunn d’Scouten vu Groussbus eng Aktioun lancéiert, fir d’Leit aus engem Altersheim ze begeeschteren an hinnen eppes ze bastelen. Rezent goufen d’Iwwerraschungen dem Personal iwwerreecht.

Opgrond vun der Corona-Kris dierfe vill Leit an Altersheemer hei am Land kee Besuch empfänken. Fir hinnen eng Freed ze maachen an dëser schwiereger Zäit hunn 12 Kanner vun de Groussbusser Scouten Biller gemoolt a Saachen gebastelt, fir se de Leit aus dem Réidener Altersheim ze schenken.

D’Initiativ koum vun de Kanner. Der Kreativitéit ware keng Grenzen gesat. Fir d’Leit aus dem Altersheim ze protegéieren, hunn e puer Scouten d’Konschtwierker dem Direkter vum Altersheim iwwerreecht, dee se eben un déi eeler Leit weiderginn huet. Mat där Initiativ wollt een d’Leit net vergiessen.

Scho virun 2 Joer haten d’Scouten mat de Leit aus deem Altersheem zesumme gekacht. D’Leit kréien aktuell d’Méiglechkeet, a Kontakt mat hirer Famill ze bleiwen.

Déi eeler Leit hu sech iwwer Cadeaue vun de Scouten gefreet.

Back to Top
CIM LOGO