
Persounen iwwer 65 Joer, Diabetiker, Patiente mat kardiovaskuläre Krankheeten, Leit mat Kriibs, Persounen, déi krankhaft iwwergewiichteg sinn, eng Immunschwächt hunn oder eng chronesch Erkrankung vun den Otemweeër ginn als vulnerabel Persounen ugesinn, wat de Coronavirus ugeet. Zanter Kuerzem sinn awer och schwanger Fraen op déi Lëscht derbäi komm.
De Conseil supérieur vun den Infektiounskrankheeten zesumme mat de Gynekologen huet proposéiert, fir schwanger Fraen als vulnerabel unzegesinn, also als potentiell Risikopatienten. Meeschtens verleeft bei hinnen eng Corona-Infektiounen d'selwecht wéi bei enger anerer Persoun, mä et hätt sech gewisen, datt de Risk méi héich ass, fir Komplikatiounen ze maachen an an d'Spidol ze kommen, eventuell souguer op d'Intensivstatioun.
Wéinst dem décke Bauch ass et méi schwéier, d'Longe mat Sauerstoff ze versuergen, an Otemproblemer kënnen et also ginn.
D'Dr Françoise Berthet, Directeur adjointe vun der Santé: "Et geet net ëm méi héich Féiwer. Et geet ëm Otem-Schwieregkeeten oder aner Komplikatioune wéi eng Thromboembolie beispillsweis."
Schwanger Frae sollen also extra gutt oppassen, sech schützen an hir Kontakter limitéieren, sou d'Dr Berthet.
"Schwanger Frae sollen onbedéngt d'Gestes-barrières anhalen. Wa méiglech net zu Spëtzenzäiten akafe goen an déi sozial Kontakter erofsetzen, fir dem Virus keng Chance ze ginn."
D'Santé präziséiert, datt eng Covid-Infektioun net geféierlech ass fir de Puppelchen am Bauch.
"Bis haut ass näischt driwwer gewosst, datt de Virus Komplikatioune beim Bëbee mécht. De Risk zum Beispill vun enger Feelbildung ass bis ewell net festgestallt ginn."
Schwanger Frae kënnen och weider schaffe goen, mä si musse sech kënne schützen an d'Hygiènes- an d'Distanzmesuren anhalen.
