14.000 Jonker betraffSchüler sichen op der Schoulfoire no hirer Zukunft

Chris Meisch
Wärend véier Deeg, vum 19. bis den 22. Abrëll, ass d'Schoulfoire an der Luxexpo.

Et ass déi gréisste Foire fir schoulesch a berufflech Orientatioun zu Lëtzebuerg. Wärend véier Deeg dréint sech op der Schoulfoire an der Luxexpo alles ëm eng vun de wichtegste Froen am Liewe vu jonke Leit: Wat wëll ech spéider maachen? A genau dorop sollen d’Schüler op der Schoulfoire eng Äntwert fannen oder op d’mannst mol eng Iddi kréien. Nodeems e Sonndeg d‘Ouverture vun der Schoulfoire fir de Grand Public war, dat heescht, Elteren a Kanner, war d’Schoulfoire e Méindeg reng fir de Fondamental an de Secondaire geduecht.

Schoulfoire 2026 / Reportage Chris Meisch

Ronn 14.000 Schüler a Schülerinnen hu sech fir d’Schoulfoire ugemellt. Mat méi wéi 45 Lycéeën, iwwer 150 Ausbildungsweeër an néng thematesche Beräicher verdeelt op dräi Hale mat méi wéi 17.000 Quadratmeter bitt d’Foire e breeden Iwwerbléck vun der Bildungs- a Beruffswelt zu Lëtzebuerg. All Joer probéiert een op en Neits, ëmmer nees Neierungen eranzebréngen, sou den Educatiounsminister Claude Meisch:

Bei der nächster Rentrée wësse mir, dass op Septième nach ganz vill Klassen op Franséisch ugebuede ginn, dat hu mir zum Beispill des Kéier no vir gestallt. Mir hunn d’Luxskills no vir gestallt, déi net all Joer sinn. Mir hunn awer och nei Themen. Mir hunn eis Campagne hei ganz present, ronderëm de René, fir ze weisen, dass KI eis ganz villes ka bréngen, mee op där anerer Säit et awer och Limitten huet, a mir de mënschleche Kontakt ni dierfe vernoléissegen.

D’Schoulfoire bitt net nëmmen d‘Méiglechkeet, fir mat Lycéeën a Fachleit aus de verschiddenste Beruffer a Kontakt ze trieden a sech auszetauschen. E wichtege Bestanddeel vun der Schoulfoire sinn déi vill interaktiv Offeren a Workshops, wou d‘Schüler a Schülerinnen déi verschiddenste Beruffer praktesch erliewen an austeste kënnen, wéi d’Martine Molitor, Coordinatrice vun der Schoulfoire, erkläert.

Zu dësem Zäitpunkt stelle sech vill Schüler d‘Fro: ‘A wat fir ee Lycée ginn ech?’ An awer och, ‘Wat fir ee Beruff well ech duerno maachen?’ A fir d‘Beruffer z‘erklären, hu mir hei 9 Beruffswelten opgebaut, wou ee selwer eppes ka probéieren, well mir wëssen alleguerten, dass es méi flott ass selwer eppes auszeprobéieren, fir ze wëssen, ob de Beruff wierklech bei ee passt, wéi wann een eppes an enger Broschür oder engem Internetsite liest.

Schüler sichen op der Schoulfoire no hirer Zukunft
Wärend véier Deeg, vum 19. bis den 22. Abrëll, ass d’Schoulfoire an der Luxexpo. D’Coordinatrice Martine Molitor mat Detailer.

Trotz de ville Méiglechkeete bleift eng Erausfuerderung: D’Decisioun selwer. Vill Jonker sti virun der Fro, ob si solle studéiere goen oder ob et net vläicht besser ass, eng Léier ze maachen. Vill Schüler hu schonn eng konkret Iddi, wou et fir si spéider soll higoen, fir anerer ass et nach net esou kloer.

Fir vill Enseignanten ass d’Schoulfoire eng ideal Geleeënheet, fir hire Schüler d’Lycéeën an déi verschidde Beruffer méi no ze bréngen. Fir d’Kelly Zimmermann, Joffer am Cycle 4, gehéiert de Besuch schonn zur Traditioun: Si ass elo schonn dat fënneft Joer hannerenee mat hirer Klass dobäi.

Ganz oft schwätzt een iwwer all déi Lycéeën, et schwätzt een iwwer all déi Zukunftspläng, an hei hu si mol endlech ee Bild dovunner, wat si iwwerhaapt kéinten iergendwann maachen. De Lycéeë kënne si konkret Froe stelle kommen, si gesi scho Leit déi do schaffen, Schüler gesinn si, an eeben och einfach all déi Atelieren.

Am Kader vun der Schoulfoire ass en Dënschdeg och de Léierplazendag an der Luxexpo. Dës Initiativ bréngt Betriber, déi no Léierbouwen a Léiermeedercher sichen, a Jonker, déi eng Léierplaz sichen, direkt a Kontakt. Zil ass et, sech géigesäiteg kennenzeléieren an den Iwwergang vun der Schoul an d’Beruffswelt ze vereinfachen.

Back to Top
CIM LOGO