Nom déidlechen Accident mat Farerflucht zu Keel26 Joer ale presuméierte Chauffer gouf verhaft, Auto hat Spueren op Bäifuerersäit

RTL Lëtzebuerg
De Parquet liwwert Detailer zum déidlechen Accident an der Nuecht op e Sonndeg tëscht Schëffleng a Keel, wou e 16 Joer ale Jugendlechen ugestouss gouf an net iwwerlieft huet. De Chauffeur hat Farerflucht gemaach.
© RTL

De 26 Joer ale presuméierte Chauffer gouf um Sonndeg op Uerder vum Parquet verhaft. De Mann ass elo wéinst méi Faiten inculpéiert. Wéinst Délit de fuite, Homicide involontaire, dem Fueren ënner Alkoholafloss a wéinst Non-Assistance à personne en danger.

De Mann hat Rendez-vous virum Untersuchungsriichter, deen e Mandat de dépot gesprach huet. Hie kënnt also an Untersuchungshaft.

Vum 16 Joer jonken Affer gouf iwwerdeems eng Autopsie gefrot.

De Parquet ënnersträicht am Schreiwes och d’Gravitéit vun de Faiten, déi dem presuméierte Chauffeur virgehäit ginn, virun allem wéinst der Farerflucht an datt hie sech iwwerhaapt net ëm d’Affer gekëmmert hätt.

Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d'Présomption d'innocence, bis en Urteel vum Geriicht gesprach gouf.

Nott vun der Redaktioun: An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, et wiere Schied un der Chaufferssäit ze gesi gewiescht. Et war allerdéngs un der Bäifuerersäit.

Schreiwes am Detail
Communiqué de presse du Parquet de Luxembourg : Accident mortel sur le CR166 entre Schifflange et Kayl

Back to Top
CIM LOGO