VerwaltungsgeriichtSalomonescht Urteel am Sträit tëscht 2 Fraen an dem Ëmweltministère

RTL Lëtzebuerg
Am juristesche Sträit tëscht zwou Fraen an dem Ëmweltministère huet d'Cour administrative e salomonescht Urteel gesprach.

Si huet nämlech en Appell vun de Fraen als zum Deel fondéiert ugesinn an dowéinst Ëmbauaarbechten um Rez-de-chaussée an um 1. Stack vum Niewegebai vun hirem Haus autoriséiert. Dogéint gouf et keng Geneemegung fir Modifikatiouns- a Vergréisserungsaarbechten um zweete Stack a fir d'Bäibaue vun enger Aussenterrass. Den Dossier muss zréck bei d'Ëmweltministesch, d'Fraen hu keng Indemnité de procédure zegutt a si an de Staat musse fifty/fifty fir d'Käschten opkommen.

Verwaltungsgeriicht / Reportage Eric Ewald

Am Oktober 2016 hat eng Koppel beim Ëmweltministère eng Demande eraginn, fir de behënnertegerechten Ëmbau vun hirem Haus an der Nordstad. Am November hat de Fierschter net nëmme festgestallt, dass schonn Aarbechten am Gaange waren, mä och en negativen Avis dozou ofginn. Zwee Deeg drop hat d'mobil Entitéit vun der Natur- a Forstverwaltung de Ministère gefrot, fir de Schantjen zouzemaachen. D'Carole Dieschbourg hat dat 3 Deeg dono via Arrêté gemaach, all weider Aarbechte verbueden an deen Arrêté och un de Procureur d’Etat zu Dikrech an un d'Procureure Générale d’État weiderginn.

Am Januar 2017 - an der Tëschenzäit war de Mann gestuerwen - hat den Architekt vun der Wittfra der Ministesch detailléiert Pläng zu den Aarbechten zoukomme gelooss. De Fierschter hat awer deselwechte Mount nach op en Neits en negativen Avis ofginn. Am Juni hat d'Duechter der Ministesch geschriwwen, fir d'Situatioun z'explizéieren. D'Carole Dieschbourg hat am August geäntwert, dass déi geplangten Aarbechten iwwer eng Renovatioun géifen erausgoen, dofir net ze geneemege wären a just d'Installéiere vun engem Lift méiglech wär.

D'Wittfra an d'Duechter waren am November op d'Verwaltungsgeriicht gaangen, ma den Tribunal administratif hat hire Recours am Juli 2019 als net fondéiert zréckgewisen. D'Fraen haten am August Appell géint dat Urteel gemaach.

Déi zweet Riichter halen no enger Visite des lieux fest, dass d'Wittfra d'Autorisatioun misst kréie fir e Logement intégré. D'Notioun dovu wär awer inkompatibel mat där vun enger zweeter Wunneng um selwechte Site. De Lift bannena wär net a Fro gestallt. Déi nei Amenagementer um zweete Stack vum Niewegebai géifen awer iwwert de Kader vun deem erausgoen, wat ënnert dësen Ëmstänn néideg wär.

D'Reegel, dass e Bau an enger Gréngzon net soll vergréissert ginn, géif soss ausgehielegt ginn. Deemno wären d'Baute bannenan um 1. Stack z'autoriséieren, net awer d'Vergréisserungen um zweeten an d'Terrass.

Back to Top
CIM LOGO