
Chirurgesch Agrëff géif et nach ëmmer ginn a kéinten och net verréckelt ginn. Och fir verschidden Traitementer géife Bluttkonserve gebraucht ginn.
D'Rout Kräiz ënnersträicht, dass d'Ekipp ënner adaptéierte Mesurë schafft an och d'Leit sech u méi streng Virschrëften hale mussen, wéi zum Beispill, dass schonn an der Entrée d'Hänn desinfizéiert ginn an d'Temperatur gemooss gëtt. Och géif een op déi néideg Distanz ënnert de Bluttspender oppassen. Donieft hätt d'Personal Masken un.
Et wier wichteg fir verschidde Patienten, dass si och an Zäite vum Coronavirus hir Traitementer weider kréien an d'Leit dobaussen net zécken, Blutt ze spenden.
All d'Informatioune fënnt een um Site www.dondusang.lu oder per Telefon 2755-4000.
D'Horaire si méindes, dënschdes a freides vun 8 bis 16 Auer, mëttwochs an donneschdes vun 8 bis 18 Auer.