Campagne "Speed" 2021Ronn 900 Mol waren Automobilisten ze séier ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Vum 19. bis de 25. Abrëll huet d'Police iwwer 800 Vitesskontrollen uechter d'Land duerchgefouert.
© Police

Am grousse Ganze goufen ongeféier 900 Infraktioune festgestallt, dovunner 80 op der Autobunn, 65 ausserhalb vun den Uertschaften a 750 bannent den Uertschaften.

Ausserdeem goufen Automobiliste bal 4.100 Mol vu mobillen a fixe Radare wärend der Campagne geblëtzt.

Och de "Speedmarathon" den 21. Abrëll war Deel vun der Speed-Campagne. Do goufe ronn 215 Vitesskontrolle bannent 24 Stonne gemaach. De ganze Bilan vum Speedmarathon kann een um Site vun der Police nach emol am Detail noliesen.

Zil vu béide Campagnen ass et, d'Leit ze sensibiliséieren, fir Accidenter op eise Stroossen ze vermeiden.

RTL-News: Speedmarathon: Um Mëttwoch huet d'Police zu Lëtzebuerg verstäerkt Vitesskontrolle gemaach

Back to Top
CIM LOGO