
Bei de Kontrolle war d'Anhale vun den Ausgangsaschränkungen an de Reegele fir d'Restauranten a Caféen, souwéi Mënschenusammlunge viséiert.
15 Mol gouf e Protokoll gemaach, well e Restaurant oder e Café sech net un d'Spärstonn vun 23 Auer gehalen huet. Zu Rëmeleng waren e Samschdeg um 01.20 Auer nach Gäscht an engem Café virfonnt ginn. Zu Dikrech gouf an der nämmlechter Nuecht eng Privatparty opgeléist, bei där sech net un d'Mesurë gehale gouf.
An am Ganze kruten 220 Persounen een Avertissement taxé, well se nach no 23 Auer Owes, ouni valabele Grond an der Ëffentlechkeet ënnerwee waren.
