... eng Decisioun, déi souwuel de President vun der Federatioun vun den Entrepreneure wéi och den OGBL begréissen.
Keng Chantieren heescht awer och: keng Aarbecht!
De Jean-Luc de Matteis vum OGBL erënnert drun, datt de Chômage partiel e Verloscht an der Pai ass:
"Dofir fuerdert den OGBL jo och, datt de Moment all Méigleches gemaach misst ginn, fir deen Ënnerscheet och kënnen ze bezuelen. Mir hunn en Appell gemaach, a mir wäerten och elo kucken, datt dat gemaach gëtt. Mee op jidder Fall sinn déi 80% kloer eng Abouss fir déi Leit."
Dem President vun der Federatioun vun den Entrepreneure Roland Kuhn no wier et wichteg, datt d'Betriber am Kader vum Chômage partiel séier rembourséiert ginn:
"Datt déi Procédre accéléré bei der ADEM ganz séier ëmgesat gëtt. An datt si och d'Suen, déi d'Entreprisë virstrecken, wierklech ganz séier erëm kréien. Et ass ganz wichteg, datt mer kee Betrib am Reen stoe loossen."
Congé collectif soll annuléiert ginn
De Roland Kuhn fuerdert dann och, datt de Congé collectif am Summer ausnamsweis annuléiert gëtt:
"An do musse mer dann elo Léisunge fannen, wéi een dee verleet a wéi d'Leit hire Congé da kënnen huelen".
Dem OGBL no wier et awer elo nach ze fréi, fir doriwwer ze diskutéieren. Op alle Fall kéint et net sinn, datt d'Retarden, déi elo wäerten entstoen, um Bockel vun de Salariéeë géife kompenséiert ginn, betount de Jean-Luc de Matteis:
"Do mussen da pragmatesch Léisunge fonnt ginn. Mir hunn och elo Iwwerleeungen, déi mer mam Patronat mussen diskutéieren, fir datt déi Delaien, déi imposéiert gi sinn, sief et vum Staat, vu Bâtiments publiques oder vu private Clienten, da mussen agefruer ginn. Mir hunn en Etat de crise a mir sinn der Meenung, datt och déi ganz Delaie missten agefruer ginn."
Keng Bauprojete méi ausschreiwen
En anere wichtege Punkt ass dem Roland Kuhn no, datt op d'mannst wärend dem nächste Mount keng Bauprojete méi ëffentlech ausgeschriwwe ginn.