Rapport vum Covid-19 Task ForceRichtung vun engem exponentielle Wuesstem an der Pandemie ass z'erwaarden

RTL Lëtzebuerg
Den R-Wäert variéiert staark, well och d’Zuel vun de Fäll pro Dag variéiert, mä e läit däitlech iwwer 1.
© RTL Archiv

D’Corona-Pandemie hëlt och hei zu Lëtzebuerg un Dynamik zou a geet an d’Richtung vun engem exponentielle Wuesstem, dat schreiwen d’Fuerscher vun der Covid-19 Task Force an hirem neiste Rapport, deen e Freideg eraus komm ass.

227 nei Fäll den Dag koume bäi, 206 waren et der déi Woch virdrun. Et ass dovunner auszegoen, datt d’Infektioune weider klammen.

Den R-Wäert variéiert staark, well och d’Zuel vun de Fäll pro Dag variéiert, mä e läit däitlech iwwer 1.

Et si méi Leit hospitaliséiert. Op den Intensivstatiounen ass d’Zuel éischter konstant. Am Januar wären eng 60 Leit am Spidol a 25 op der Intensivstatioun méiglech, sou d’Wëssenschaftler.

Previsioune si schwiereg, well ee weder weess wéi de Virus sech weider entwéckelt, nach ob d’Leit hiert Verhalen änneren. Manner Kontakter, Distanz halen, Mask undoen...sou kéint een d’Situatioun stabiliséiere bis eng Häerdenimmunitéit iwwer d’Impfungen do ass.

Kleng Verhalensännerunge kënnen e groussen Impakt, an eng positiv oder an eng negativ Richtung, sou d’Fuerscher.

Hei déi komplett Publikatioun vun der Task Force.

Back to Top
CIM LOGO