Bei engem Asaz e Méindeg den Owend war eng Rettungsekipp mat enger Patientin konfrontéiert, déi Féiwer hat, Problemer mat den Otemweeër an déi sot, se wär d’lescht Woch op engem Concert am Elsass gewiescht.
D’Ekipp hätt bei der Asazzentral nogefrot a gesot kritt, se misst déi virgeschriwwe Prozedur fir Risikopatienten uwenden, Masken, Schutzkleedung asw. Kuerz drop hätt de CGDIS zréckgeruff a gesot, d’Inspection sanitaire hätt den Alarm ofgeblosen, et wär keng Risikopatientin, sécher kee Fall vu Corona an d’Ambulanciere sollten en normale Krankentransport maachen.
Déi Fräiwëlleg hätten also hir Schutzkleeder nees ausgedoen a sinn an d’Klinik gefuer. Do wär déi Fra awer direkt vum Dokter als Risikopatientin ugesi ginn. D’Ambulancieren hätten nees beim CGDIS ugeruff, fir ze wëssen, wat da lass wär. Äntwert: D’Consigne vun der Inspection sanitaire wären onverännert. Kee Risiko. Kuerz viru 4 Auer an der Nuecht wär dunn en Uruff vum CGDIS komm, mat der Info, d’Inspection sanitaire hätt déi Fra awer elo als Risikopatientin deklaréiert, d’Rettungsekipp misst op d’mannst 24 Stonnen doheem bleiwen, bis d’Tester ausgewäert wären.
Den Ambulancier seet, fir hie wär et eng Enttäuschung ze gesinn, datt Pläng, déi existéieren, opgrond vu kontradiktoreschen Decisiounen zu Situatioune féieren, déi net hätten dierfen entstoen.
Sollt déi Fra infizéiert sinn, missten all déi Leit, mat deenen d’Ambulancieren a Kontakt waren, retracéiert an a Quarantän gesat ginn. Dat gëtt ee grousse Krees. All dat hätt kënne verhënnert ginn, wann d’ Rettungsekipp hir Schutzmoossnamen, déi se jo geholl hat, hätte kënne bäibehalen. Wann d‘Inspection sanitaire dem CGDIS net gesot hätt, et wär keng Gefor.
Kuerz virun 19 Auer en Dënschdeg koum awer dunn d'Entwarnung. Den Test war negativ ausgefall an d'Quarantän wier domadder opgehuewen, esou den Ambulancier RTL géintiwwer.
Vu Säite vum Gesondheetsministère gouf et keng Reaktioun op de Virfall.