ZeienopruffZu Keel Sue mat geklauter Bankkaart opgehuewen

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht no Zeien, nodeems eng Persoun mat enger geklauter Kaart zu Keel Suen opgehuewen huet.
© Police / RTL

Den 1. Januar 2026 gouf zu Keel op engem Bankomat bannen an enger Bank mat enger geklauter Bankkaart eng gréisser Zomm Suen opgehuewen. An deem Kontext sicht d'Police no der Persoun op dëse Fotoen.

Alleguer d'Informatioune si fir de Policekommissariat vun Esch. D'Telefonsnummer ass den 244 50 1000, d'Mailaddress ass "Police.ESCH@police.etat.lu".

Back to Top
CIM LOGO