
Géint 15:30 Auer ass en Dënschdeg zu Rued-Sir an der Rue Haupeschhaff an en Eefamilljenhaus agebrach ginn. Iwwert eng Fënster op der hënneschter Säit vum Haus an duerch eng futtis Garagëpaart sinn d'Abriecher erakomm.
Och en Dënschdeg am Nomëtteg ass an der Rue de Bouillon zu Hollerech an een Auto agebrach ginn. Dobäi gouf eng Tut mat Iesswuere geklaut.
Am Stater Gronn war et um spéiden Dënschdeg Owend an der Rue de Prague beim Abrochversuch bliwwen. Een Abriecher war vun enger Bewunnerin iwwerrascht ginn an ass doropshi geflücht. No enger séierer Sichaktioun konnt eng verdächteg Persoun gestallt a protokolléiert ginn.
E Mëttwoch de Moie fréi ass um Lampertsbierg um Boulevard Pierre Eyschen d'Fënster vun engem Auto ageschloe ginn. Dobäi ass e Kabel fir elektresch Apparater ze luede geklaut ginn.
An alle Fäll sinn Ermëttlungen opgeholl ginn.