
Den US-President Donald Trump dreet dem Iran mat Repercussiounen nom Ofschoss vun engem amerikanesche Kampf-Helikopter. Wéi den Trump en Dënschdeg op senger Social-Media-Plattform Truth Social schreift, wier hie vum US-Militär driwwer informéiert ginn, dass d'Iraner an der Nuecht en Apache-Helikopter ofgeschoss hunn, deen deen Ament iwwert der Strooss vun Hormus eng Patrull geflu wier. Béid Pilote vum Helikopter wieren a Sécherheet an onverletzt. Ma d'USA wiere gezwongen, op dës Attack ze reagéieren.
Nach kuerz virun dëser Annonce huet den Donald Trump gemengt, dass en Ofkommes tëscht den USA an dem Iran a Reechwäit wier.