Mir si wierklech frou, datt sech d'Sozialpartner eens goufen. Jiddereen hätt an der Tripartite gutt geschafft. Wuel och, well ee sech bewosst war, datt et eng Zort lescht Chance war. Dat sot d'Sam Tanson vun déi Gréng am RTL-Interview de Moien zum Tripartite-Accord.
Léiwer TVA op null bei Grondliewensmëttel, wéi Tankrabatt
Net ganz averstanen ass déi gréng Deputéiert mat der Subventioun vu Bensinn, Diesel, Gas a Masutt. Si freet sech, ob d'Präisbrems um Sprit d'Inflatioun wierklech wäert bremsen. Besser wier zum Beispill gewiescht, bei de Liewensmëttel eppes ze maachen, well do d’Präisser geklomme sinn. Bei de Grondliewensmëttel hätt een d’TVA kënnen op Null setzen.
Datt d'Energietransitioun acceleréiert gëtt, wier positiv. Ma dat hätt scho kënnen um Ufank vun der Kris geschéien. Fir de Leasing social muss ee bis d’nächst Joer waarden a bei de Wäermepompel wär dat guer net virgesinn.
A Punkto Logement wiere wuel punktuell Mesuren do an e strukturéierten Dialog soll kommen. D’Regierung erkennt de Logementsproblem als gréissten Erausfuerderung un, mä hannendru géif dann awer wéineg kommen. D’Mobiliséierung vun eidele Wunnengen an Terraine géif nach ëmmer net viru goen. Bei de Loyere misst och eppes geschéien, och als Signal, datt jidderee misst säi Bäitrag leeschten.
Wéi gëtt den Accord finanzéiert?
D'Sam Tanson freet sech och, wéi déi ronn 450 Milliounen Euro, déi den Tripartiteaccord soll kaschten, wäerte finanzéiert ginn. En Dënschdeg huet de Finanzminister Gilles Roth gemengt, et wär Sputt do an et kéint ee sech dat leeschten, well an den éischte Méint vum Joer 800 Milliounen Euro méi Recetten era komm sinn. Hei vermësst déi gréng Deputéiert "Éierlechkeet, Transparenz a Wäitsiicht" — dräi Saachen, déi een awer vun engem Finanzminister géif erwaarden. Déi Gréng vermëssen och, datt d’Regierung sech Gedanke mécht iwwer zousätzlech Recetten. Dat wär den Ament awer absolut Tabu.
"Mir gesinn e Richtungswiessel bei der Asylpolitik"
En Dënschdeg si jo och zwee Gesetzer gestëmmt ginn, fir den europäeschen Asyl- a Migratiounspakt ëmzesetzen. D’LSAP, déi Lénk an déi Gréng wollten de Vott verréckelen, well keng richteg Zäit do gewiescht wier, fir uerdentlech ze schaffen. Et wär net alles schlecht. Mä et géif eben drëms goen: Wéi gi mer mat de Mënschen ëm, déi hiert Land verloossen? Mir hätten do eng laang Traditioun gehat vun engem positiven Accueil. Do géif een awer e Richtungswiessel bei dëser Regierung gesinn. Sou d’Sam Tanson.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.