
E wichtege Bestanddeel vun dem Accord ass jo d'Hausse vum Mindestloun. De Mindestloun geet d’nächst Joer via en degressive Steierkredit an zwou Tranchë vun am ganzen 119 Euro erop. Mat 120 Milliounen ass dëst ee vun den Haaptkäschtepunkte vum sougenannte "Resilienzpak". Den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz war en Dënschdeg net bei der Presentatioun derbäi. Soss wier d'Pressekonferenz nach méi laang ginn, huet hien e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview gemengt.
Datt de Mindestloun lo just via e Grëff an de Staatsbudget klëmmt, léich dorunner, datt d'Betriber net zousätzlech belaascht sollte ginn. Verschidde Secteuren haten am Fréijoer scho kloer gemaach, datt si eng strukturell Hausse net droe kéinten. An engems haten d'Gewerkschaften OGBL an LCGB betount, datt si zu Senneng keen Accord matdroe géifen, an deem net de Mindestloun nach emol verbessert géif. D'Gewerkschaftsunioun war duerch déi eesäiteg Decisioun vun der Regierung, mam neien Aarbechtsminister Marc Spautz, am Mäerz virun de Kapp gestouss ginn.
Ganz konkret ass geplangt, datt de Steierkredit "Salaire social minimum" op den 1. Januar vun 81 op 179 Euro klëmmt. An dann nach emol vun 179 op 200 Euro op den 1. Juli 2027. Kombinéiert mam Ajustement vun 3,8 Prozent an dem Index, kënnt een dann op 200 Euro Netto méi. Dëse Steierkredit wierkt, wéi gesot degressiv, bis eng Pai vun 3.600 Euro Brutto.
Datt den Ënnerscheed tëscht dem net-qualifizéierten an dem qualifizéierte Mindestloun, deen elo bei 20 Prozent louch, duerch d'Hausse vun dësem Steierkredit méi kleng gëtt, wäert dem Marc Spautz no net dozou féieren, datt Leit demotivéiert géifen, sech ze forméieren. Senger Meenung no misst ee virun allem d'Handwierk allgemeng méi promouvéieren. Mat attraktiven Aarbechtskonditiounen - Loun, Aarbechtszäiten etc - kéinte méi Leit gelackelt ginn. Hei wieren och d'Beruffschamberen an der Verantwortung.
En Datum fir eng éischt Reunioun mat de Sozialpartner am "Comité permanent du travail et de l'emploi" gëtt et nach net. D'Gewerkschaften haten dee Gremium aus Roserei jo déi lescht Méint boykottéiert. Hie wéilt sech elo mat Gewerkschaften a Patronat a Rou zesummesetzen an dann och zesummen definéieren, iwwert wat ee schwätze wëll, sou de Marc Spautz. D'Chamber hirersäits organiséiert elo mol am Juli eng Consultatiounsdebatt iwwert d'Aarbechtszäitorganisatioun. D'Zil vum Minister ass et dann, bei deem Sujet am CPTE en Accord ze fannen, deen déi dräi Säiten droe kënnen.
Den LCGB-President Patrick Dury warnt an engem Meenungsbäitrag e Mëttwoch am Tageblatt scho virun neie Sozialkonflikter, sollt et der Regierung nees eescht gemengt si mam Sozialdialog a sollt se mat hirer Method "Consulter puis décider" virufueren.
D'Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB haten an hirem Fuerderungskatalog fir d'Tripartite d'Schafe vun engem permanenten Tripartite-Organ an enger nationaler Reclassementscellule gefuerdert. Dat kënnt elo net. Duerfir soll awer e "Comité de suivi Tripartite" an e sougenannte "Comité de suivi du logement" an d'Liewe geruff ginn. Déi hunn zwar keng gesetzlech Basis, sollen awer reegelméisseg zwee bis dräi mol am Joer zesummekommen, fir de Point ze maachen. Den éischte Rendez-vous fir de "Comité de suivi Tripartite", deen ënnert der Leedung vum Premier soll sinn, ass elo mol op spéitstens Oktober ugesat. Beim Logement wier et wichteg, datt och d'Sozialpartner hiren Input kënne ginn, fënnt de Minister Marc Spautz. An der Hoffnung, datt de Problem méi kleng gëtt.